Méigleche Fall vun engem Interessekonflikt an der Gemeng … ?

Dat aktuellt Gemengegesetz gesäit am Artikel 20 Reegele vir, fir dass déi lokal Volleksvertrieder net an Interessekonflikter solle verfalen an hiert Mandat am ëffentlechen Interessi ausféieren.

Mir ass ee Fall bekannt vun engem Buergermeeschter bekannt, dee gläichzäiteg Gerant vun enger Bank ass.  Ee méigleche Fall vun engem Interessekonflikt betrëfft d’Baugeneemegungen: d’Persoun, de Buergermeeschter, déi d’Baugeneemegungen an enger Gemeng astellt, ass hei déi selwecht Persoun, déi d’Geneemegung fir een Baukredit mat ënnerschreift oder op mannst zu engem groussen Deel mat beaflosst (et kënne jo och 2 Bankmaatarbechter a sengem Numm ënnerschreiwen op Uerder).

Ee weidert Beispill ka sinn, dass d’Interessi besteet, dass d’Gemeng Client bei grad där Bank gëtt, wou dës Persoun Gerant ass an iwwert déi dann eng Unzuel un Prêten a Sponsoring-Aktivitéite fir Gemengenaktivitéiten zesummelafen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gesäit d’Ministesch an deem beschriwwene Fall eng Méiglechkeet vun engem potenziellen Interessekonflikt?

  2. Wäert d’Ministesch dësen Observatiounen ee Suivi ginn a falls néideg hire Pouvoir de tutelle iwwert d’Gemengen asetzen?

  3. Weist dëst Beispill alt net nees erëm, dass et néideg wier, d’Kompetenz an d’Verantwortung vun de Baugeneemegungen, grad an der aktueller Logementskris, wou de Buedem ee raart a wäertvollt Gutt ass, vum Buergermeeschter op de Gemengerot ze transferéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6553

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt