Heure d’actualité du groupe politique LSAP au sujet de l’avenir du recrutement des détenteurs d’un bachelor en relation avec un des objectifs de l’enseignement fondamental (Quereinsteiger)

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech wëll fir d’éischt der LSAP Merci soen, datt se dës Heure d’actualité ugefrot hunn, och wa se e bësse vum Minister virgezu gouf, dee gëschter scho Saachen annoncéiert huet, déi och haut hätte kéinten annoncéiert ginn. Bref! D’Ma- damm Hansen huet dozou alles gesot.

2018 ass de Modell vum Quereinsteiger am Fonda- mental agefouert ginn. Fir eis Piraten sinn d’Querein- steiger am Fondamental esou eng Aart noutwendegt Iwwel. Natierlech si mer eis der grousser Penurie u Personal bewosst a mir wëssen, datt ee qualifizéiert Personal net einfach esou aus dem Stee schléit.

Wat wieren also d’Alternativen? Nach méi Kanner an deels schonn ze grouss Klassen ze stiechen, kann et jiddefalls net sinn. Also muss ee méi Leit rekrutéieren. Jo, dat ass natierlech einfach gesot, mee net ëmmer einfach gemaach. D’Léisung vum Educatiounsminis- tère bestoung doranner, datt och Leit mat engem Bachelorofschloss als Quereinsteiger kënne Schoul am Fondamental halen. Iwwert d’Jore sinn esou eng ganz Rei Leit an de Beruff komm a Verschiddener, héchstwarscheinlech e ganz groussen Deel vun hin- nen, maachen hir Aarbecht bestëmmt gutt.

Den aktuelle Modell soll dann elo, dat wësse mer zan- ter gëschter, zu enger Formation universitaire accé- lérée iwwerschafft ginn. Dat géife mir Piraten ganz gäre begréissen, mee et geet hei ëm d’Ausbildung vun eise Kanner. An ech mengen, ganz vill vun eis heibanne si selwer Elteren. Als Eltere wëlle mer fir eis Kanner déi beschtméiglech schoulesch Ausbildung, an dat fänkt bei guddem Léierpersonal un. Beson- nesch am Fondamental si vill verschidde Kompeten- zen noutwendeg an och Kenntnisser aus Beräicher

wéi der Pedagogik sinn hei enorm wichteg. Et ass eeben net e Studium x plus eng acceleréiert Forma- tioun. Well de Fondamental bilt déi wichtegst Basis fir dat spéidert Liewen.

Fir eis ass dësen neien Ausbildungswee awer net esou ganz de richtege Wee. Sécher, fir méi kuerzfris- teg a Schoulen auszehëllefen, kënne Quereinsteiger duerchaus gutt sinn, awer net onbedéngt laangfris- teg. An ech fäerten, datt hei eppes bestätegt gëtt, wat u sech ëmmer nëmmen eng Plooschter war. „Ce n’est que le provisoire qui dure“, huet een e bëssen d’Gefill. Elo gëtt de Provisoire nach mat engem Fun- dament ausgestatt, mee en dauert awer un.

Et stelle sech awer och mat dëser Ännerung nach eng ganz Rëtsch Froen. Et handelt sech ëm eng kuerz Formatioun am Verglach mam traditionelle Bachelor en sciences de l’éducation. Geet dat duer, fir de Leit wierklech alleguer déi néideg Kompetenze bäize- bréngen? Mir, a mir sinn net eleng, gleewen dat net onbedéngt, soss hätt de Bachelor en sciences de l’éducation keng aacht Semester. Dat war ëmmer eng grouss Diskussioun, firwat deen aacht Semester hätt, firwat dee sou besonnesch wär, firwat deen anescht wär. Ma et ass ëmmer gesot ginn: „Well et eebe méi Kompetenze sinn.“ An elo op eemol gëtt gesot: „Majo studéier iergendeppes op Bachelor an da gees de nach eng Kéier zwee Semester dohinner an da méchs de eebe Pedagogik no!“ Dat ass iergendwou net ko- härent.

Da stellt sech d’Fro no der Anciennetéit fir eis. Zwar sollen d’Leit mat dem traditionelle Bachelor en sciences de l’éducation bevirdeelegt ginn, soss gëtt et awer scheinbar keng grouss Ënnerscheeder. Mir waarden emol of, wéi dat sech elo entwéckelt.

Jo, déi nei Quereinsteiger dierfe just kee Cycle 1 ën- nerriichten, mee dat ass an eisen Ae kee wierklechen Nodeel. Dat ass jo och dee Cycle, wou am Moment déi geréngste Penurie ass.

Fir eis verléiert domadder virun allem den traditio- nelle Wee dann e bëssen un Attraktivitéit. Firwat sech aacht Semester mat Pedagogie ustrengen, wann een et quasi och ka maachen, datt een en aneren, vläicht e méi einfachen, jee nodeem wat ee gutt kann, Ba- chelor ka maachen, fir dann am Schnellverfaren déi zwee Semester nozemaachen?

Interessant ass dann och, datt komescherweis am Bachelor just limitéiert Plazen ugebuede ginn oder goufen, mam Argument, et géif ze wéineg Dozen- tinnen an Dozenten op der Uni ginn. Elo hunn ech an enger Facebook-Äntwert vum Minister haut scho kënne liesen, datt 12 Millioune weider Dotatioun un d’Uni ginn. Mee ech mengen, datt bei den Dozentin- nen an Dozenten deen nämmlechte Problem ass wéi bei den Enseignanteën an Enseignanten, nämlech datt een déi och net aus dem Stee schléit, soudatt ech mech froen, ob déi da wierklech matzäiten do sinn, fir wierklech deem neien Ustuerm gerecht ze ginn. Well et ka jo awer net sinn, datt dat selwecht Personal nach 240 Studentinnen a Studenten zousätzlech soll ausbilden.

An dann huet sech d’Fro gestallt, firwat net méi Pla- zen am Bachelor opgemaach goufen. Do wär ech och op eng Äntwert gespaant, wéi déi Zuelen zustane koumen iwwert d’Plazen am Bachelor en sciences de l’éducation an an deem neie Schnellbachelor.

Fir eis Piraten wär et dann och endlech un der Zäit, de Beruff vum Enseignant richteg opzewäerten. An den Educatiounsministère hätt dofir u sech zënter 2018 dach e bësse méi wéi genuch Zäit gehat. Geschitt ass awer guer a glat näischt.

De Beruff vum Enseignant gëtt vu ville Leit nega- tiv gesinn. Ob zu Recht, dat loossen ech jiddweree

jeudi 9 mars 2023 13 | 59 selwer beurteelen. Et ass ze vill administrativ Aar-

becht, ze vill administrativ Hürden opgrond vun enger ze vill schwéierfälleger an deelweis onnéideger Bürokratie, ze vill Kanner mat Verhalensopfällegkee- ten, wou d’Léierpersonal dacks am Ree stoe gelooss gëtt, bis endlech déi néideg Hëllef do ass. Géif een dës Problemer endlech richteg ugoen a méi Plazen am traditionelle Bachelor en sciences de l’éducation ubidden, kéint ech mir ganz gutt virstellen, datt sech dann och nees vill méi Leit fir de Beruff vum Ensei- gnant géife begeeschteren.

Mee et schéngt jo méi einfach ze sinn, de gefroten Niveau erofzeschrauwen, an deelweis souguer, an dat weess ech aus perséinlecher Erfarung, zirkuléie- ren E-Mailen op der Uni u Leit, déi wëllen e Master en sciences de l’éducation maachen, déi dann expli- zitt vun der Uni ofgerode kréien, de Master ze maa- chen, se sollen dach wannechgelift mam Bachelor direkt schaffe goen, fir d’Penurie ze combléieren. Ech fannen, dat sinn dann awer E-Mailen, déi an engem Land wéi Lëtzebuerg net onbedéngt eng Plaz hunn.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a