Heure d’actualité du groupe politique LSAP au sujet de la pollution lumineuse

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Ech hunn elo vill där Constaten, déi elo schonn erwäänt gi sinn – vun de Fliedermais, Insekten, Planzen – emol gestrach, well et wär eigentlech just eng Widder hue- lung vun deene Constaten, déi ech vu quasi all Partei deelen, dass eeben e Problem do ass. An et ass elo zënter 150 Joer, dass de Mënsch kann entscheeden, wéini Liicht ass a wéini net, an der Zäit vun eisem Planéit ganz, ganz kuerz.

Mee wa mir Mënschen entscheeden, fir eis eng Luucht unzemaachen, huet dat natierlech och No- deeler fir eis Natur. Dofir ass dat eng Ressource, mat där mer ganz schounend mussen ëmgoen. An et huet een heiansdo den Androck, wann een owes ënnerwee ass, dass dat net iwwerall d’selwecht gesi gëtt.

Heiansdo mengt een, wann een owes duerch gewës- sen Tunnelle fiert, dass een op eemol misst de Sonne- brëll erëm eraushuelen, dass se esou beliicht sinn, dass … D’Autobunn, déi ass nach, nenne mer et „ok“, mee da kënnt een an den Tunnel, wou et iwwerbe- liicht ass, guer net ze schwätzen – ech mengen, dat ass och schonn ugeklongen –, wann een eng Kéier op der Beetebuerger Autobunn do géif laanschtfueren, wou een net weess, wat bei den CFL do gemaach gëtt, mee et mengt een, déi hätte jo d’Energie do am Iwwerfloss. Et sinn eeben déi Klengegkeeten, déi och de Leit dobaussen eropstoussen, wa se gesinn, dass do eigentlech awer ganz vill Energie, nenne mer et emol „verhonzt“ gëtt.

An do kann een als Regierung, als Gemeng, als

Gesellschaft awer ganz kloer Moossnamen huelen. Hautzudaags erméiglecht eng modern Technik et, Luuchte ganz geziilt sief et an der Intensitéit, sief et an der Fuerf, sief et an der Zäit ze steieren. Jo, dat brauch en Invest, dat muss een eemoleg maachen, mee duerno huet een op där enger Säit de Bonus, dass d’Energiekäschten erofginn, op där anerer Säit huet een awer och eppes fir d’Gesondheet gemaach.

Et ass ganz kloer beluecht, dass an deene Stroossen, wou d’Stroossebeliichtung schlecht, al oder falsch ausgeriicht ass, et bei der Bevëlkerung zu vill méi Schlofstéierunge féiert, wat dann erëm zu Diabetes, Blutthéichdrock oder Iwwergewiicht féiere kann.

(Brouhaha)

Dat heescht, et ass och e Punkt, wou mer ganz kloer medezinnesch mussen drun denke fir ze kucken, dass eis Leit eeben nuets kënne roueg schlofen. Ech hunn eeben elo d’Chance, nach an engem Duerf ze wun- nen, wou dat net de Fall ass, dass een iwwerbeliicht wär. Ech gesinn nuets och nach d’Stären. Ech hunn awer och d’Erfarunge gemaach an anere Stied …

(Hilarité et interruptions)

Am Positiven, d’Stären, wann den Himmel fräi ass!

(Hilarité et interruptions)

Et ass awer leider net iwwerall am Land de Fall, sou- dass een eng Kéier misst ganz kloer iwwerdenken, wéi mer eis Luuchten opbauen, a virun allem an der Intensitéit. An do gesinn ech och de Syvicol als de richtege Partner, fir dat zesumme mat de Gemengen ze maachen.

Ech gesinn awer och do, dass d’Gemengen keen onendleche Budget hunn an dass, wa mer dat Theema mat de Luuchte wëllen esou intensiv ugoen, wéi d’Regierungsparteien dat haut gesot hunn, ee vläicht och misst doriwwer nodenken, bei der Inne- ministesch eng Kéier ze froen, ob d’Gemengen net méi Hëllef kréichen, fir déi Luuchten och esou opze- riichten. Well et si grouss Reseauen an ech hu mer och soe gelooss vu verschiddenen Nordpolitiker, déi immens vill Stroossen hunn, awer manner Awunner, dass dat e risege Käschtepunkt wäert sinn, wann déi elo musse muer op déi modern LEDen oder anerer ëmklammen. Wann déi Meenung jo awer elo esou grouss gedeelt ginn ass, dann hoffen ech jo awer, dass och d’Inneministesch de Gemenge wäert e bëssen zur Säit sprangen, well et sinn nun emol d’Ge- mengen, déi déi meescht Luuchten do deement- spriechend ënnerhalen.

Et freet mech och wierklech, dass elo hei quasi un- anime de Problem gedeelt gëtt. Ech fannen et e bësse spéit, no néng Joer Regierung, elo ee Joer virun deWalen. Et hätt ee kënne méi fréi ufänken. Ech weess, et ass elo eng Energiekris komm, déi dat Ganzt e bësse gedriwwen huet. Mee mir Piraten hätten eis awer gewënscht, dass ee scho virdrun iwwert d’Liicht- verschmotzung nogeduecht hätt an deene leschten néng Joer, wou Der ugetruede sidd, fir der Ëmwelt awer do eng Hand unzepaken.

Merci.

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam