Heure d’actualité du groupe politique CSV au sujet du troisième âge au Grand­ Duché de Luxembourg

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Villes, wat mer haut als Gesellschaft kënne genéissen, ass op der Aarbecht opgebaut, déi eis Grousselteren an d’Generatioune virdru geleescht hunn. Dass et eis haut esou gutt geet, kënne mer och all deene Leit verdanken. An dofir heescht dat net nëmmen, Merci ze soen, mee et ass och esou, dass mer eis Politick, eis Gesellschaft esou mussen opbauen, dass si kën- nen zefridden hire Liewensowend verbréngen.

Dozou gehéiert och, dass se méiglechst laang kën- nen doheembleiwen. Dat ass ee vun de gréisste Wënsch, wann ee mat Leit, déi an den Alter kommen, schwätzt, déi se hunn, dass se méiglechst laang an hi- ren eegene véier Wänn kënne bleiwen, dass se méig- lechst an hirem Ëmfeld kënne sinn.

Dozou gehéiert och, dass et eis Aufgab als Politick ass, hirer Famill méi Zäit ze ginn, fir sech ëm d’Leit ze këmmeren, fir bei de Leit op hirem Liewensowend ze sinn, awer och déi Aktivitéiten, sief et kommunal oder national, unzepassen, fir dass d’Seniore kën- nen drun deelhuelen. An dat ass net nëmmen, dass se passiv kënnen drun deelhuelen, mee och de Se- nioren d’Méiglechkeet ze ginn, dass se nach aktiv an de Veräiner, an der Gesellschaft kënnen hiert derzou bäidroen, well si hunn de grousse Virdeel, datt si d’Erfarung, d’Liewenserfarung hunn, wéi et funktio- néiert. An et ass och dat, wat een am Alter nach fit hält: wann ee kann aktiv sinn!

Dozou gehéiert och d’Mobilitéit. An an deene fënnef Minutte kann ech net op alleguerten d’Feeler vun zum Beispill engem Adapto agoen, wou alleguerten d’Problemer sinn a wat ganz vill Senioren betrëfft, mee mir komme sécherlech als Chamber nach eng Kéier drop zréck, op alleguerten déi Problemer, déi no der Reform vum Adapto elo opgetaucht sinn. Dat ass och e Projet, wou mer net onbedéngt eise Gene- ratioune virdru Merci soen, mee hinnen am Moment d’Liewe méi schwiereg maachen.

A mir maachen hinnen och d’Liewe méi schwiereg an eisem aktuelle Rentesystem. Ech hat eng Question parlementaire virun dräi Méint gestallt, well mech emol interesséiert huet, wéi vill Pensiounen iwwer- haapt ënnert dem Aarmutsrisiko ausbezuelt ginn, well dat ass jo och en interessante Fakt. Mir schwät- zen ëmmer vum Aarmutsrisiko an dat läit bei 2.177 Euro laut Statec. An et ass mer e bësse kal de Réck erofgelaf, wéi ech dunn d’Äntwert krut. Huele mer zum Beispill eng Alterspensioun an der Steierklass 1a. Do kréie 14,4 % hei am Land manner Rent wéi den Aarmutsrisiko. Dat heescht, mir bezuelen eis Pensiounen esou aus, dass déi Leit schonn d’office an den Aarmutsrisiko falen. Huele mer elo nach zum Beispill d’Witwerent an der Steierklass 1. Do sinn et 12,7 %. Huele mer d’Invalidepensioun an der Steier- klass 1, sinn et 23,3 %, huele mer d’Invalidepensioun an der Steierklass 1a, sinn et 35,9 %, déi all Mount esou ausbezuelt ginn, dass se schonn ënnert den Aar- mutsrisiko falen, deen de Statec festgehalen huet.

Dat heescht, deementspriechend musse mer och eng Kéier doriwwer schwätzen, ob mer eis Minimalren- ten …, ob mer de Leit hire Liewensowend net anescht erméigleche sollten, wéi dat am Moment de Fall ass. Well wann déi, déi d’ganzt Liewe geschafft hunn, herno net d’Méiglechkeet hunn … An ech schwätzen elo mol nach guer net dervun, dass se vläicht och nach mussen e Loyer bezuelen oder eng Seniorie. Well ech weess jo net, wou der, wann der manner wéi 2.177 Euro Rent de Mount kritt, dann nach wëllt higoen. Dat ass e ganz grousse Problem. Mir kënnen esou vill Aktivitéite lénks a riets maachen, wéi mer wëllen, mee wann …

Huele mer emol duerchschnëttlech – Dir hutt mer och den Total ginn – zum Beispill d’Steierklass 1: Hëlt ee se alleguerten zesummen, sinn et 12,7 %, déi ënnert den Aarmutsrisiko falen. 12,7 % kënnen also guer net un all deene Mesüren deelhuelen, déi hinnen uge- buede ginn, well se einfach net genuch Geld hunn, fir hei am Land ze iwwerliewen. An dat ass sécherlech e Sujet, deen een als Politick eng Kéier muss upaken, fir dass ee seet: „Mir gi wéi beim Mindestloun net ënner e gewëssene Seuil, fir dass déi Leit awer op d’mannst op hirem Liewensowend, fir dee se d’ganzt Liewe geschafft hunn, kënnen an engem würdegen Ëmstand liewen.“

Dann d’Alters- a Fleegeheemer: Jo, et kascht. Wann een eng gutt Betreiung wëll, ass dat normal, a mir musse jo och gutt Personal gutt bezuelen. De Problem ass just, dass déi Käschten am Moment alleguerten op d’Bewunner ëmverdeelt ginn. A gi mer mol net nëmme vun deenen aus, déi eng Pensioun ënnert der Aarmutsgrenz kréien, mee vun deenen, déi vläicht och nach eng Pensioun kréien, déi bei 3.000, 3.500 Euro läit – wat jo elo keng schlecht Pensioun ass: Dass déi mol net méi an de Seniorien iwwert d’Ronne kommen, doriwwer muss mer eis och eng Kéier Gedanke maa- chen. Mir mussen eis eng Kéier Gedanke maachen, ob et wierklech esou ass, dass een op sengem Liewens- owend an der Seniorie muss alles rechnen, ob een nach e Jugurt kann iessen oder net, ob et nach duer- geet herno, fir iwwerhaapt eppes niewelaanscht ze maachen, wann et mol iwwerhaapt net duergeet, fir säin Zëmmer ze bezuelen. Dat sinn alles Strukturen, déi mer eng Kéier mussen op de Leescht huelen, an ech hoffen, déi nächst Regierung bréngt do méi Léisungen.

Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister