M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Weltklimagipfel 2022 ass de leschte Weekend op en Enn komm. Ech freeë mech dofir, datt mer haut scho kënnen e bës- sen iwwert d’Konklusiounen dovunner schwätzen, well d’COP27 war e wichtegt Treffen. Mee leider sinn d’Erwaardungen hei net erfëllt ginn.
Fir eng Noriichteplattform ze zitéieren: „Es könnte die Einleitung eines Monty-Python-Sketches sein: In den letzten Tagen flogen Dutzende bis Hunderte Privatjets ins ägyptische Sharm el-Sheikh, um über Maßnah- men gegen die Erderwärmung zu verhandeln.
(Interruption)
„Die Zwischenbilanz der Klimakonferenz: ernüch- ternd. Wie jedes Jahr. Die Schlagzeilen: pessimistisch. Wie jedes Jahr.“ Zitatenn.
Effektiv sinn d’Echoen an der internationaler Press éischter vun Enttäuschung oder Erniichterung ge- präägt. Méi bekannte politesch Persounen aus der Klimabeweegung wéi zum Beispill d’Greta Thunberg hu carrement refuséiert, op d’COP27 ze goen. D’Klimakonferenz wier en, Zitat, „kollossale Bedruch“ an eng Geleeënheet fir d’Politiker an d’Politikerinnen, fir Opmierksamkeet ze kréien.
Zu Recht kann ee seng Frustratioun iwwert déi welt- wäit Klimapolitik esou matdeelen, well effektiv gëtt weltwäit vill ze wéineg fir d’Anhale vum 1,5-Grad- Celsius-Zil gemaach, ob a China, Amerika oder och an Europa.
An och d’Format vun der COP27 ass dach e bëssen iwwerholl. Mussen déi Veranstaltungen ëmmer esou organiséiert si wéi haut? A virun allem: Mussen déi Leit invitéiert ginn, déi invitéiert goufen? Musse Fos- silllobbyisten do Werbung maachen, wärend mer probéieren, vun de fossillen Energië lasszekommen?
Dat ass also eng berechtegt Kritik. An effektiv muss kee Land op der ganzer Welt waarden, bis erëm eng COP iergendwou organiséiert gëtt, fir an dësen Zäiten, an deenen de Klimawandel ëmmer méi spierbar gëtt, eng méi kloer Klimapolitik ze maachen. Mir dierfen net op eng COP28 …, och erëm an engem Land, wou een driwwer diskutéiere kann, ob déi éischter fërderlech sinn, fir de Klimawandel ze bekämpfen, oder éischter fërderlech sinn, fir de Klimawandel ze befeieren, mee bref. Mir mussen net op eng COP28 waarden, fir sel- wer Verantwortung ze iwwerhuelen!
D’Klimaziler si kloer: 1,5 Grad net ze iwwerschrei- den. D’Moossnam, déi mer mussen huelen, ass och kloer: d’Zäregaser an der Atmosphär reduzéieren. In- strumenter, wéi mer dat bewierken, hu mer genuch: Verzicht op Emissiounen duerch Verzicht op Konsum, negativ Emissiounstechnologien, Effizienzgewënner a virun allem d’Energiewenn mam massiven Ëmstelle vu fossillen Energien op erneierbar Energien. An och Lëtzebuerg an och d’Europäesch Unioun mussen den Usproch hunn, fir hei Virreider ze ginn a Verantwor- tung ze iwwerhuelen, an dat esou schnell wéi méig- lech. Well bis 2030 bleift eis no all Joer genau e Joer manner.
Fir Kloertext ze maachen: Lëtzebuerg, also mir, sinn ee vun den déckste Ressourcëverschwender op der ganzer Welt, direkt no deem Land, wou an dësen Deeg ënner ganz schreckleche Konditiounen eng Weltmeeschterschaft organiséiert gëtt: dem Katar.
Eisen ekologesche Foussofdrock, op de Kapp gesinn, ass deen zweethéchste weltwäit, de Paul Galles huet et elo grad nach gesot. Et ass natierlech einfach, op aner Länner ze klappe wéi zum Beispill China, dat dat Land mat den héchsten Emissioune ass. Mee wa
mer ëmmer an der Logik operéieren, datt mir näischt maachen, esoulaang deen aneren näischt mécht, da bleiwe mer an enger Inaktivitéitsspiral gefaangen. Fakt ass: Mir kënne méi maachen a mir sollten dofir och méi maachen, mir sollte Verantwortung iwwer- huelen!
Lëtzebuerg ass eng oppen Ekonomie mat villen Im- porter a genausou villen Exporter. Eis Verantwortung ass et awer, virun allem mol ze kucken, wat mer hei am Land consomméieren, wa mer wëlle selwer eppes maachen.
Mir hunn de Luxus, soen ze kënnen, wéi mer mat eise Ressourcen an Zukunft wëllen ëmgoen. A wann een eng Lektioun aus der COP27 ka mathuelen, dann ass et déi, datt elo all Land och aus Eegeninteressi sollt kucken, fir manner Emissiounen an der Atmosphär ze hunn. Well d’Konsequenze vum Klimawandel sinn haut scho spierbar, och zu Lëtzebuerg, wou mer an deene vergaangene Jore mat Extreemwiederevene- menter ze kämpfen haten, vun Iwwerschwemmun- gen iwwer Hëtzewelle bis hin zu engem Tornado. An datt dee leschten Tornado, deen Nordfrankräich ge- traff huet, Lëtzebuerg net getraff huet, war éischter eng glécklech Fügung, well déi puer honnert Kilome- ter si fir en Extreemwiederevenement keng Distanz.
(Interruption)
An engem „Zeit“-Artikel vu virun e puer Deeg war ze liesen, ech zitéieren: „Mehr Egoismus wagen! In Zei- ten der Hoffnungslosigkeit führt der Weg zur Klima- wende nur über den Eigennutz.“ Zitatenn. An dat ass net ganz falsch. Well nëmmen, wa mer verstinn, datt de Klimawandel eis all betrëfft an datt mer alleguer- ten aus Eegennotz vun der Energietransitioun och kënne profitéieren, nëmmen da kënne mer d’Leit mathuelen op de Wee an eng klimaneutral Zukunft!
Erneierbar Energië si mëttelfristeg méi bëlleg a se maache Lëtzebuerg an Europa méi onofhängeg vu Länner wéi Russland oder Katar. Dat ass positiv an dorobber sollte mer aus Eegennotz opbauen. Datt dat Ganzt nach e positiven Effekt fir d’Allgemengheet huet, mengen ech, sollt dat Ganzt nach méi interes- sant maachen.
Mee och de Staat muss heifir mam gudde Beispill vir- goen an endlech selwer massiv opstocken, ugefaan- gen, datt et net ka sinn, datt am Joer 2022 manner wéi 5 % vun de staatlechen Diecher mat Fotovoltaik- anlagen ekipéiert sinn oder datt nach ëmmer méi wéi d’Hallschent vun de staatleche Gebaier mat fossille Brennstoffer gehëtzt ginn oder datt et Joren dauert, datt Subsiden, ob fir Vëloen oder Fotovoltaikanlagen an hoffentlech net och nach fir Pellets, dann herno ausbezuelt ginn.
Mir dierfen net op d’COP28 waarden, fir méi Klima- moossnamen elo ëmzesetzen! An dat ass u sech de Message, dee mer haut als Chamber hei kommuni- zéiere sollten.
An, Här President, vu datt d’Chamber och zum deel Proprietär respektiv gréisstendeels Locataire vu Ge- baier ass, d’Chamber selwer Operatiounen huet, déi natierlech e Foussofdrock hannerloossen, géif ech Iech eng Resolutioun iwwerreechen, Här President, wou mer d’Chamber géifen opfuerderen, fir bis 2030 …, also u sech elo schonn e Plang opzestellen, wéi mer bis 2030 klimaneutral kënne ginn, an de Chambersbureau ze mandatéieren, eng konkreet Pro- pos derfir auszeschaffen an déi dann och der Plenière zum Vott ze stellen.
Résolution 1
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:
– de Paräisser Klimaaccord an den europäesche Green Deal ginn d’Marschrichtung vir, fir d’europäesch Wirt- schaft bis 2050 klimaneutral ze gestalten;
– d’Regierung huet sech an deem Kontext mam PNEC een Instrument ginn, mat deem se d’Zäregasemissioune vum Land bis 2030 wëll reduzéieren;
– d’Institutioune vum Land musse mam gudde Beispill bei der Energiewend virgoen an hir Infrastrukturen, Gebaier, Prozeduren a Schaffweisen esou gestalten, dass och op dëse Plazen d’Klimaneutralitéit erreecht gëtt;
– d’Chamber huet als éischte Pouvoir vum Land eng be- sonnesch Verantwortung a sollt esou schnell wéi méiglech d’Klimaneutralitéit vun der gesamter Institutioun er- reechen.
Aus dëse Grënn decidéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten:
1. dass d’Chamber hire gesamten ekologesche Foussof- drock evaluéiert, sech déi néideg Mëttele gëtt a Methoden ausschafft, déi d’gesamt Institutioun an hir Aarbechtsweis bis 2030 klimaneutral maachen;
2. de Chambersbureau ze mandatéieren, eng konkreet Propos auszeschaffen a se am Plenum zum Vott ze stellen.
(s.) Sven Clement.
M. Fernand Etgen, Président | Merci, Här Clement.
M. Sven Clement (Piraten) | Här President, d’Auswierkunge vum Klima betreffen d’Leit hei am Land alleguerten. Ob Bauer, Working Poor oder en Direkter, ob räich oder aarm, jidderee ka vun den Auswierkunge vun engem Tornado getraff ginn.
Op der COP27 war dee klengste gemeinsamen Nen- ner den Opbau vun engem Fong fir Klimakatastro- phen, deen d’Schied vum Klimawandel reparéiere soll. Iergendwéi si se sech eens ginn – Dir kënnt eis herno sécher nach méi dovun erzielen, wéi dat geschitt ass –, ganz in extremis nach eens ginn, fir e Fong ze hunn, eng Ofschlossdeklaratioun ze hunn, déi iergendwéi eppes soll maachen. Mee wéi ge- nau dee Fong soll fonctionéieren, wien e soll fëllen, wou dat Geld soll hierkommen, wéi et verdeelt sollt ginn, bon, bref, dat sinn alles Froen, déi och no zwou Woche COP27 nach keng Äntwert haten an déi hof- fentlech da vläicht eventuell, an Dir mierkt e bësse mäin Zynismus bei där ganzer Fro, bei der COP28 da gekläert wären.
Dobäi sinn d’Schied haut schonn op der Welt. Mir haten elo erëm en Äerdbiewen. Dat ass net Klima, mee mir haten awer Äerdrutschen, mir haten Iwwer- schwemmungen am Pakistan, déi Millioune vu Leit betraff hunn. Mir gesinn all Dag, egal wou mer op der Welt kucken, Bëschbränn. Mir gesinn Héichwaas- ser. Alles dat ass e Klimaschued!
An dee Fong gëtt haut gebraucht, dee gëtt net eréischt no enger COP28 gebraucht, wa mer eis dann als globalen Norden eventuell eens sinn, wéi mer eis do arrangéieren! Mee, an do kommen ech dann op de Punkt: Ech begréissen u sech, datt et dee Fong gëtt, wann en da gefëllt gëtt a wann en dann och de- bourséiere kann.
Mee och mir Piraten haten hei schonn eng Kéier an der Chamber d’Aféierung vun esou engem Calaméits- fong gefuerdert, nämlech hei zu Lëtzebuerg bei der leschter Budgetsdebatt, an dat esouguer mat enger Motioun, well d’Cour des comptes eis eng ganz kloer Recommandatioun dofir ginn hat. A mir sinn och weiderhin der Meenung, datt mer och zu Lëtzebuerg d’Schied vum Klimawandel am Viraus budgetiséieren a provisionéiere sollten.
Well nëmmen, wa mer e Präis dropsetzen, kënnt erëm dat Argument vum Eegennotz, wat den „Zeit“- Artikel esou schéi gewisen huet, datt mer gesinn: Wa mer wëssen, datt et eppes kascht, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dann hu mer op eemol vill méi Interêt,
fir eppes dergéint ze ënnerhuelen, wéi wann dat en
abstrakte Käschtepunkt vläicht eventuell an der Zu- kunft ass.
A genau dofir, Här President, hunn ech dann nach eng Kéier eng Motioun matbruecht, fir den Observa- tioune vun der Cour des comptes an der Fondation IDEA Rechnung ze droen an esou e Spezialfong fir Na- turkatastrophen opzebauen.
Motion 1
D’Chamber vun den Deputéierte stellt fest:
– D’Fondatioun IDEA hat an hirem Aarbechtsdoku- ment n° 7 „Quelques réflexions sur le budget 2022 !“ eng Rëtsch Verbesserungsvirschléi fir de Budget 2022 virgestallt. Am Punkt n° 8 plaidéiert d’Fondatioun fir d’Schafung vun engem Katastrophefong fir Lëtzebuerg: „Celui-ci permettrait de garantir des réserves mobilisa- bles rapidement en cas d’événements climatiques graves. Dans son objet, il pourrait s’inspirer du Fonds belge des Calamités, qui prévoit une aide à la réparation aux sinistrés. Le but de ce dernier n’est pas de remplacer ou de compléter les indemnités octroyées par les compa- gnies d’assurance, mais plutôt (…) de permettre aux sinistrés de retrouver une vie normale et de recouvrer des biens de première nécessité“.
– Och d’Cour des comptes hat an hirem Budgetsavis 2022 d’Opstelle vun engem Spezialfong fir Naturkatastrophe recommandéiert: „La Cour encourage le Gouvernement à considérer la création d’un fonds spécial dédié au financement des dommages occasionnés par les cata- strophes naturelles susceptible de renforcer la capacité d’absorption de notre économie face à des événements liés au changement climatique. Il s’agit également de mobiliser des fonds permettant de soutenir les victimes rapidement sans pour autant trop impacter le budget étatique. La création de ce fonds de soutien aux victimes de la crise climatique aurait en outre l’avantage de rendre les coûts liés au changement climatique plus transparents et de simplifier le suivi et l’évaluation de ces dépenses.“
– D’UNO-Klimakonferenz huet op der COP27 festgehalen, ee Katastrophen- a Reparatiounsfong op internationalem Niveau opzebauen.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier- ten d’Regierung:
– den Observatioune vun der Cour des comptes an der Fondatioun IDEA Rechnung ze droen an ee Spezialfong fir Naturkatastrophen opzebauen.
(s.) Sven Clement.
M. Fernand Etgen, Président | Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Well, wéi ech et sot,
esou e Fong géif eis all besser virun Aen halen, datt de Klimawandel eis am Endeffekt nieft der Liewensqualitéit virun allem och vill Sue kascht, sief et duerch Stroossen, déi mussen nei gebaut ginn, Recolten, déi wéinst der Dréchent ausfalen, Diecher, déi erëm mussen op en Haus gesat ginn.
De Klimawandel geet eis all eppes un, well mir all dovunner betraff sinn, am globalen Norde wéi am globale Süden, an dofir sollte mer zu Lëtzebuerg net zécken, fir méi wäit ze goen, méi séier ze goe wéi déi aner Länner.
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!