All Employé(e) a Beamt(in) aus der Fonction publique étatique oder communale huet d’Recht, sech an engem Fall vun Harcèlement un de Service psychosocial ze wenden, fir hei Hëllef ze kréien. D’Zil vun engem Rendezvous beim Service psychosocial vun der Fonction Publique soll et sinn, déi betraffe Persoune iwwert d’Schutzméiglechkeeten an déi domat verbonne Prozeduren opzeklären an hinnen e Soutien psychologique ze bidden.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Bei wéi enge Formen vun Harcèlement kann ee vum Service psychosocial Hëllef kréien?
-
Wéi gëtt no engem éischte Kontakt mam Service psychosocial bei de verschiddene Formen vun Harcèlement ermëttelt, op tatsächlech e Fall vu Belästegung oder Mobbing virleit?
-
Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Prozeduren, déi enger betraffener Persoun an engem Fall vun Harcèlement opstinn, sämtlech Formen vun Harcèlement oofdecken an een emfaassenden Schutz fir d’Aarbechter bidden?
-
Wat geschitt, wann d’Virléie vu Mobbing oder Belästegung am Laf vun de Prozeduren net bestätegt ka ginn, déi betraffe Persoun awer weiderhin ugëtt, staark dorënner ze leiden, op hirer Aarbeschtplaz engem Harcèlement ausgesat ze sinn?
-
Ginn et och Ënnerstëtzungsméiglechkeete fir Persounen, déi uginn ënnert engem Harcèlement ze leiden, obwuel d’Virléie vu Mobbing oder Belästegung vu staatlecher Säit aus net bestätegt konnt ginn?
-
Wéi vill Persounen hu sech mam Wonsch no Ënnerstëtzung an enger Situatioun vun Harcèlement säit 2013 pro Joer beim Service Psychosocial gemellt?
A wéi ville Fäll konnt, eemol d’Prozeduren an d’Lafe bruecht, tatsächlech e Fall vun Harcèlement détectéiert ginn? -
Wéi reagéiert d’Regierung, wa si direkt vun enger betraffener Persoun iwwert e Fall vun Harcèlement informéiert gëtt?