Säit der Rentrée 2018/2019 kënne Schüler*innen an de Lycéeë gratis hir Schoulbicher kréien. D’Schüler kënnen entweder nei Bicher kréien oder Gebrauchtener huelen an da fir 50% vu Wäert vum Buch ee Bong kréien.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Persoune hunn bis elo vun der Offer u Second-hand Bicher gebrauch gemaach an dofir en Akafsbong kritt?
-
Wéi vill huet de Staat fir d’Rentréeën 2021 an 2022 un d’Librairië bezuelt fir déi verschidde Schoulbicher (opgelëscht no Librairie)?
-
Wéi vill Bicher goufe fir d’Rentréeën 2021 an 2022 bestallt, dann awer net ofgeholl?
-
Verschidde Bicher kann een sech gebraucht als Schüler bestellen. Wéi vill Prozent vun de Bicher ginn als gebrauchte Bicher dat Joer duerno weider verdeelt?
-
Kritt de Lëtzebuerger Staat Remisen vun de Librairien wéinst den groussen Quantiéiten u Bicher? Wa jo, wéi vill?
QP Nummer 7113