Gesetzesprojet 7740 iwwert zwee bilateral Accorden am Fluchberäich

Published by Piraten on

Marc Goergen:

Merci, Här President.

Virun allem beim Ruanda hate mer jo och kuerz eng Diskussioun an der Kommissioun – ech ginn awer elo net ze laang dorop an, well dat jo éischter dem Här Asselborn säin Dossier ass -, well am Ruanda d’Mënscherechter ganz, ganz kritesch ze betruechte sinn. Mee an der Kommissioun krute mer jo awer d’Zousécherung, dass den Här Asselborn do wäert en A drop halen a sech wäert dorëms këmmeren.

A sech ass dëse Gesetzesprojet onspektakulär. Mee denkt ee weider, denkt een un d’Follgen, dann ass de Projet awer derwäert, fir driwwer ze schwätzen. Duerfir hunn ech mech och derfir entscheet, eebe fir d’Ëmwelt, fir de Klimaschutz.

An duerfir hu mir haut och eng Motioun matbruecht fir méi Transparenz, an där mir fuerderen, dass der Chamber bei Gesetzer iwwer nei Fluchstrecken och den Ëmweltimpakt soll als Informatioun virgestallt ginn, dat änlech wéi soss mat der Fiche zum finanziellen Impakt.

Wann dës Regierung wierklech den Ëmweltschutz wëll, muss se och d’Chamber, awer och d’ganzt Land voll an ëmfänglech informéieren, wat den Impakt fir d’Ëmwelt ass.

Ech erklären Iech wéisou: Et ass wuel onëmstridden, dass och Fligeren e gewëssene Schued uriichten an der Ëmwelt. Sou sinn dat als Beispill bei der Cargolux am Joer iwwer 3,8 Milliounen Tonnen CO2. Derbäi komme jo nach d’Qatar Airways Cargo souwéi aner Gesellschaften, déi elo laut Gesetz op dësen neie Strecke fléien dierfen. Do kann een also net soen, et wär keen Impakt op d’Ëmwelt do.

A wann esou en Impakt do ass, misst d’Chamber, esouwéi jiddereen am Land, och transparent matgedeelt kréien, wat esou e Gesetz fir Auswierkungen op d’Ëmwelt oder d’Klimakris huet. Et ka jo net sinn, dass dës Regierung dee klenge Bierger op der Pompel mat Steieren dozou beweege wëll, manner ze fueren, manner Pëtrol ze verbrauchen, awer do, wou de gréngen Transportminister selwer an der Verantwortung ass, Gesetzer kommen, fir kënne méi ze fléien, méi ze verbrauchen, dat ouni Accisen, ouni CO2-Steier. Dat ass einfach onfair. Dat ass keng Klimaschutzpolitik.

Et kann een net dem Bierger all Steieren operleeën, em säin Auto, seng Masuttsheizung a wat nach alles schlecht maachen – do erkenne mir Piraten och kloer den Ëmweltschued un -, mee awer als Regierung selwer anescht handelen. Dat ass de Punkt!

Wann een eng fair Politik wëll, muss ee kloer net de Bierger méi belaaschten, mee déi grouss Firmen. Dat wär eng sozial a fair Politik.

Et kéint een och bei esou Gesetzer Informatioune ginn, mat wéi villen Nuetsflich ze rechnen ass, well och do waren et déi gréng, déi soss an der Press net midd gi sinn, géint esou Nuetsflich um Findel ze schwätzen – vollkommen zu Recht an den Ae vun de
Piraten -, mee haut, wou si selwer an der Verantwortung stinn, fannen awer esou Nuetsflich statt. Sou waren dat 2019 eleng vu Cargolux 924 Stéck, 70 vu Qatar Airways Cargo, 38 vu Cargolux Italia; dat waren 1.951 Nuetsflich, Passagéier a Cargo.

A wa mir da beim Cargo sinn, wou elo, net wéi virdrun ugekënnegt, net nëmmen déi national Fluchlinnen, mee och Qatar Airways Cargo nei Fluchrechter mat dësem Gesetz kréien, kann een och den Accord mam Land Katar hannerfroen, e Land, dat bekanntlech kee Wäert op Klimaschutz leet, wou de Kerosinn weltwäit mat am bëllegsten ass, wou – fein ausgedréckt – d’Gehälter fir d’Leit …, wou d’Leit, déi um Buedem fir de Cargo schaffen, mat am schlechtste bezuelt ginn. Mee mat deem Land ënnerhält Lëtzebuerg en Deal fir fräi Flich, wouvun a mengen Aen och just de Staat Katar profitéiert, fir hei um Findel kënnen aktiv ze sinn, dat mat dubiéisen Aarbechts-, Mënscherechts- a Klimamethoden am Heemechtsland.

Dem Theema Mindestbedéngunge fir Fluchrechter sollte mir eis och eng Kéier getrennt an der Chamber unhuelen, fir doriwwer ze diskutéieren. An do sollt een och iwwer Cargolux Italia diskutéieren, och eng Method fir eng Auslagerung.

Mir Piraten sinn net géint de Fluchverkéier an och net géint de System vun der Loftfracht. Mee mir maachen op d’Onlogik vun dëser Regierung opmierksam, grad am Dossier vun de grénge Ministeren, wou eis mat esou Gesetzer net konsequent genuch Wäert op den Ëmweltschutz an dëser Klimakris geluecht gëtt.

Merci.


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.