Gesetzesprojet 7682 iwwert d’Beweegungsfräiheet vu Persounen an iwwert d’Immigratioun

Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, och dëst Gesetz gesäit punktuell Ännerunge vir, wat den Ëmgang mat Mënschen ugeet, déi an eist Land wunnen a liewe kommen.
Ech kéint u sech déi nämmlecht Ried hale wéi de Rapporter, deen hei natierlech ganz exzellent dat opgefouert huet, wat sech ännert. Ech kommen awer op e puer Saachen zréck, well ech mengen, datt et wichteg ass, dat och nach eng Kéier an Erënnerung ze ruffen, engersäits, an anerersäits, well et tatsächlech praktesch Ännerunge sinn, déi d’Liewen net nëmme fir déi Leit, déi dovun direkt betraff sinn, mee och fir déi Leit, déi indirekt dovunner betraff sinn, vereinfachen.
Lëtzebuerg geet mat dësem Gesetz dann op de Wee, op deem och vill aner EU-Staaten, wéi zum Beispill d’Belsch, scho sinn, wat d’Documents de séjour ugeet. Sou wäerte Kaarten am Kreditkaarteformat déi onhandlech Pabeierdokumenter lues a lues ersetzen.
Ech mengen, mir alleguerte kennen dat an déi meescht vun eis waren, mengen ech, frou, wéi dee rosae Wësch vu Fürerschäin, deen a keen eenzege Portmonni eragepasst huet, duerch d’Kreditkaarteformat ersat gouf, well et eis alleguerten de Problem awer e gutt Stéck méi einfach gemaach huet, wéi mer dee sollten dobäi hunn, ouni datt d’Foto futti gaangen ass, ouni datt en hallef auserneegefall ass. Dat ass och gutt hei fir d’Polizisten, déi da bei enger Identitéitskontroll dee Pabeier och, an dann an Zukunft déi Kaart, méi einfach kënne kontrolléieren an dat net als éischt emol mussen auserneefalen, zesummepechen an domadder quasi Puzzle spillen, éier iwwerhaapt e Contrôle ka stattfannen.
Wat eis Piraten bei dësem Projet awer virun allem um Häerz läit, ass d’Tatsaach, datt den Delai fir d’Familljenzesummeféierungen ënner erliichterte Konditioune vun dräi op sechs Méint verlängert gëtt. Mir freeën eis wierklech iwwert dëse Schrëtt, well et ass e wichtege Schrëtt, well an der Vergaangenheet awer heiansdo déi Frist vun dräi Méint ëm e puer Deeg, a wierklech ëm een Dag, zwee Deeg, ze kuerz war. An et war nach rezent e Fall, wou et jee nodeem, wéi een Delai ee gekuckt huet … Deen Dag, wou d’Persoun selwer den Dossier krut, huet se den Delai ëm en Dag verpasst, deen Dag, wou hir Affekotin den Dossier hat, wär den Delai gutt gewiescht. Dat si mënschlech Schicksaler. Dat si wierklech traureg Geschichten, wann ee weess, datt et op een Dag …, a jee nodeem, wien dann den Dossier krut a wéini den Delai gestart ass … Dat dauert einfach.
A mir wëssen, et si jo net Leit, déi aus Däitschland kommen, wou een um Bürgeramt urifft an innerhalb vun e puer Minutten eng Copie certifiée conforme huet an enger Sprooch, déi zu Lëtzebuerg unerkannt ass fir all déi Certificaten, déi ee brauch. Hei geet et drëm, fir deelweis aus Länner, wou dach ganz pe nibel Situatioune sinn, wou d’Verwaltungen net méi onbedéngt fonctionéieren, dann déi richteg Piècen ënner ganz héijem Zäitdrock zesummenzekréien.
Do derbäi kënnt, datt Persounen, déi aus Syrien oder Eritrea geflücht sinn, de Kontakt mat hirer Famill kënne verluer hunn. Déi Leit kënnen och nach anzwousch anescht um Wee op der Flucht sinn, soudatt een als Éischt emol déi Leit muss erëmfannen, mat hinnen a Kontakt trieden an déi Piècë kréien. Alles dat vereinfacht d’Situatioun net.
Esou ass et ganz gutt, datt mer deen Delai hei verlängeren. Mir wäre souguer derbäi gewiescht, fir deen Delai nach weider ze verlängeren. Ech mengen, datt dat eppes ass, wou een definitiv misst driwwer schwätzen.
Wat awer fir eis vläicht e mënschlechen Appell ass un de Minister: Aktuell geet et duer, datt een Dokument aus dem ganzen Dossier verspéit ass, fir datt dee ganzen Dossier ofgeleent gëtt, och wann de Rescht vun der Demande fristgerecht agereecht ginn ass an d’Piècen dann nokommen. Och do huet a mengen Aen zu Recht d’Mënscherechtskommissioun an hirem Avis gesot: „Dat ass e Problem!“ Am Gesetz steet, datt d’Demande soll an engem be stëmmten Delai gemaach ginn, mee net, datt den Dossier an där Zäit och schonn analyséiert a komplett muss sinn. Mir géifen eis duerfir wënschen, datt de Ministère hei déi néideg Flexibilitéit, Mënschlechkeet weist, esou wéi dat jo och bei aneren Demanden, bei anere Ministèren deelweis de Fall ass.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, och bei dësem Gesetz wëll ech nach eemol kloerstellen, datt d’Piraten et problematesch fannen, fir biometresch Date wéi Fangerofdréck op staatleche Serveren ze späicheren, wa se net méi direkt benotzt musse ginn. Firwat, hunn ech virdru schonn eng Kéier kuerz erkläert.
Zesummefaassend kann ech awer soen, datt mir Piraten mat de grousse Linne vun deem heite Gesetz ganz d’accord sinn. Sechs Méint Zäit, fir eng Demande ze stellen, ass kuerz, mee ëmmer besser wéi dräi Méint. Dëst Gesetz geet eis net wäit genuch, mee et ass eng Verbesserung zu der aktueller Situatioun a mir wëllen dat Gesetz duerfir haut och explizitt ënnerstëtzen. Natierlech net ouni d’Hoffnung, datt an Zukunft nach weider Verbesserungen um Gesetz vun 2008 geholl kënne ginn!
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Am Juli 2023 hat ech dem Minister e puer Froen zum Subside de Qualité+ an dem Règlement grand-ducal vum 23ten Dezember 2016 gestallt (Fro
Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.