Gesetzesprojet 7681 iwwert den internationale Schutz

Published by Piraten on

Här President,

léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat dësem Gesetz solle punktuell Ännerungen am Gesetz zu de Prozeduren, déi d’Demandeurs de protection internationale betreffen, gemaach ginn.

An enger éischter Linn wier dëst absolutt ze begréissen, entsprécht dach d’Gesetz vun 2015 net ëmmer de Gegeebenheeten um Terrain a bräicht e klenge Refresh.

D’Tatsaach, datt d’DPIen elo kënnen och nach no de festgeluechten néng Méint Recours géint d’Zoumaache vun hirem Dossier aleeën, begréisse mer.

Och déi méi kuerz Delaien, an deenen d’Geriicht muss tranchéieren, well et de Betraffene méi séier Auskunft iwwer hire Status hei am Land muss ginn, sinn absolutt ze begréissen. D’Persounen, déi op Lëtzebuerg kommen, hänke ganz heefeg vill ze laang an de Seeler, wëssen net, ob se dann elo dierfe bleiwen an ob se sech zu Lëtzebuerg e Liewe kënnen opbauen oder net. Dës Prozedure mussen am Allgemenge méi kuerz ginn.

Wëssenschaftlech Studie beleeën, dass d’Integratioun am beschte geléngt, wann d’Leit séier no hirer Arrivée an engem Land encadréiert ginn an eng Zukunftsperspektiv opgewise kréien. Mir Piraten hunn dofir schonn heefeg derfir plädéiert, datt keng Prozedur méi wéi ee Joer dierf daueren. Woubäi ee Joer nach ëmmer eng Éiwegkeet ass fir déi Betraffen, déi aus hiren Heemechtslänner op Lëtzebuerg flüchten, well se dohannen einfach net méi bleiwe kënnen. Déi Leit hu vill ze heefeg ganz Traumatesches erlieft an een zousätzleche Stress duerch dës laangwiereg Prozedure kann derzou féieren, datt sech hire mentale Gesondheetszoustand weider verschlechtert.

Wat déi verkierzten Delaie fir d’DPIe selwer ugeet, si mer skeptesch. Et dierf nämlech net esou sinn, datt d’Leit ze spéit gewuer ginn, datt se hätte kënne Recours aleeën. Dës méi kuerz Delaie sinn also nëmme gerechtfertegt, wann den Encadrement vun den DPIe verbessert gëtt a se esou zu all Moment kënnen op d’Fachwësse vu Betreier oder Affekoten zréckgräifen, déi se duerch déi Prozedure begleeden. Dëst ass am Moment net de Fall, an dofir kënne mer dëse Schrëtt net mat ënnerstëtzen.

Donieft wëll ech op dëser Plaz awer nach op een anere Punkt ze schwätze kommen, deen och de Kolleeg David Wagner virdrun a senger ganz pertinenter Interventioun ugeschwat huet, an dat ass, datt et bei der Arrivée zu Lëtzebuerg zu Situatioune kënnt, wou d’Handyen an d’Computere vun DPIen duerchsicht ginn, dëst mat der Begrënnung, datt ee wéilt d’Identitéit vun de Betraffene feststellen.

Dowéinst ginn dann elo hir Fotoen an hir Textmessagen duerchgekuckt. Et gëtt sech duerch dat Intiimst, wat en DPI nach derbäihuet, wann en hei ukënnt, derduerchgeklickt. Et handelt sech heibäi ëm ganz perséinlech Donnéeën, déi engem scho ganz vill iwwer eng Persoun virun engem kënne verroden, wéi zum Beispill hir sexuell Orientéierung, hir Relioun a Weideres. Wat se ganz heefeg awer net maachen, ass, datt se e legalen Numm mat sech bréngen. Dat huet nämlech och an Däitschland eng Enquête gewisen. Dëst ass en Zoustand, deen de Flüchtlingsrot an d’Mënscherechtskommissioun zu Recht kritiséieren.

An an deem Kontext hunn ech, änlech wéi den David Wagner, och eng Question parlementaire un den Här Ausseminister gestallt, fir gewuer ze ginn, bei wéi ville Persounen d’Handyen duerchsicht goufen. Falls sech hei nämlech wéi an Däitschland sollt erausstellen, datt dës Mesure absolutt net proportionell zu hirem Notzen ass, wouvun ech ausginn, misst d’Gesetz op deem Punkt dréngend nogebessert ginn.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, zum Schluss wéilt ech awer dann och nach op d’Festhale vu biometreschen Donnéeën ze schwätze kommen. Mir Piraten si generell géint d’onnëtzt Späichere vun Donnéeën. An nom Prinzip vun der Datespuersamkeet missten d’Donnéeën nom Ausstelle vun enger Carte d’identité oder dem Pass, oder an dësem Fall nom Opstelle vun engem Dossier, geläscht ginn, wa se dann net méi fir eng international Datebank gebraucht ginn. Dat heescht, wa mer am Kader vun Dublin d’Persoun ofgeglach hunn, wa mer wëssen, datt se hir Demande hei däerf stellen a wa mer sécher sinn, datt mer eng Identitéit festgestallt hunn, da musse mer keng biometresch Donnéeë méi vun enger Persoun späicheren, well mir wësse jo, wien et ass. A wann do keen Doute méi besteet, da sollte mer se och net behandelen, wéi wa mer et net wéissten. Dofir hu mer och mat deem Punkt nach e klenge Problem.

Insgesamt ass dat heiten e Gesetz, wou ech ganz gäre géif mat vollem Häerz Jo soen, well et wichteg Verännerungen, wichteg Verbesserunge bréngt. Et ass awer leider esou, datt nach e puer Couacken dra sinn, soudatt mer eis d’nämmlecht wéi d’Kolleege vun déi Lénk hei wäerten enthalen, wat awer net heescht, datt d’Gesetz ganz schlecht ass. Et sinn awer Punkten dran, déi ech elo ugeschwat hunn, déi eis dozou beweegen.

Ech soen Iech Merci.

 


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.