Gesetzesprojet 7638 iwwert d’Transpositioun vun enger europäescher Direktiv am Finanzberäich

Published by Piraten on

Sven Clement:

Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, haut stëmme mer iwwer en extreem techneschen Dossier of. An ech wäert Iech hoffentlech net ze vill langweilen, wann ech all déi Buschtawen an all déi Akronymmen do nach eng Kéier benotzen. Et geet hei jo nämlech ëm déi fënneft CRD-Direktiv an déi zweet BRRD-Direktiv, déi sollen ëmgesat ginn.

Do si scho vill „R“en dran. Et sinn och vill „D“en dran, wann een dat esou kuckt. Also u sech hu mer nëmmen den Ufank vum Alphabet gekuckt. Mee dozou komme mer méi spéit dann nach eng Kéier.

Do dernieft ginn et awer och nach punktuell Ännerungen, déi fir d’Ëmsetzung vun engem Reglement, an dat ass dann d’CRR-Reglement, néideg sinn – erëm ganz vill „R“en a mir hunn och nach en „C“ erëm ënnerbruecht. Bon, dat si vill Buschtawen, dat seet de Leit dobaussen häerzlech wéineg, an awer si se fir de Finanzsecteur immens wichteg a gi vu ganz villen Acteuren um Terrain scho laang erwaart.

An ech erënnere mech, datt ech, wéi ech op der Uni war, e Cours hat iwwer Bankenaufsicht, wou et deemools nach ëm d’Ausschaffe vun de Basel III Recommandatioune goung. Elo haut mam CRD V gi mer da Basel III an nationaalt Recht ëmsetzen. Datt Basel mëttlerweil schonn erëm méi wäit ass an un deenen nächsten Iteratiounen net nëmme geschafft huet, mee se och schonn zum Deel arrêtéiert huet, dovu wëlle mer guer net schwätzen. Do wäerte mer dann iergendwann warscheinlech CRD VI, VII, VIII an ech weess net wéi vill gesinn, fir datt mer dann nei Reegelen, nach méi streng Reegele wäerten an d’Gesetzer festschreiwen.

D’Festleeë vum Verhältnis vun Eegekapital vis-à-vis vu Risiko-Uléien war u sech schonn, an do komme mer dann erëm op d’Zäit, fir 2018 virgesinn. D’Capital Requirements Directive hätt u sech scho sollen den 31. Dezember 2020 ëmgesat ginn. D’EU huet sech als Éischt Zäit gelooss a Lëtzebuerg dunn och. Mee ech sot, et ass en techneschen Dossier, dee klengen Delai kann een hei definitiv verzeien. Also et ass net …

Ech si ganz generéis haut, Här Bauler. Et ass awer och en Dossier, wou engem de Kapp e bëssen dämpt, wann ee probéiert, en am Detail ze zerplécken.

Et ass wichteg, déi Virschrëften hei festzehalen. An ouni si si vill riskant, ze riskant Businessmodeller am Finanzsecteur ze laang méiglech gewiescht – an deelweis besti se nach ëmmer. Beispillsweis musse verschidden Acteuren am Finanzsecteur jo net no deene selwechte Reegele spillen, sou wéi déi systeemrelevant „too big to fail“. Dëst ass engersäits ze verstoen, well duerch den CRD IV deelweis ze vill vun deene klengen Instituter gefrot gouf – dat heescht, hei maache mer deelweis och Marche arrière a mir soen: Wann een e bësse méi kleng ass, da gëlle méi allegéiert Reegelen – a well se deelweis awer net kënnen déi Sécherheetsvirkéierungen treffe wéi déi grouss Boîten. Och dat ass ze begréissen.

An awer muss hei en An dropgehale ginn, well just well en Institut all Krittär vum Artikel 4 vum CRR II erfëllt an duerfir nëmmen e Minimum u Sécherheetsmesurë muss treffen, heescht et net, datt et egal wier, sollt dës Boîte musse Faillite umellen. Esou eng Faillite kéint nämlech trotzdeem déi kleng Uleeër treffen, déi aktuell wéinst den niddregen Zënsen hir Suen net méi einfach esou um Spuerkont stoe loossen, mee op der Sich sinn no méi rentabele Finanzproduiten. An do kënnt da mat der Tangente och e bëssen dat an d’Spill, wat virdrun hei schonn ugeschwat gouf.

Da komme Kryptowärungen, wou ech ganz kloer wëll soen: Dat ass kee Spuerproduit, dat ass en héich spekulative Produit. An däers muss sech och jiddweree bewosst sinn. Dat heescht awer net, datt mer eppes solle verbidden, just well et héich spekulativ ass, mir sollte just de Leit wierklech ganz bewosst maachen, ëm wat et hei geet. Dat si Spekulatiounsproduiten, an däers muss ee sech bewosst sinn.

Et soll een also net Suen, déi ee muer brauch, fir säi Prêt zréckzebezuelen, a Bitcoins investéieren. Et soll een net Suen, déi een iwwermuer brauch, fir seng Pensioun ze garantéieren, an Ether uleeën. An all déi aner Coins, vun Dogecoins bis hin zu Altcoins, soll een do dann nëmme benotzen, wann een och d’Suen op der Säit huet, fir déi Perten ze verkraaften.

E weidere Schrëtt, dee mat dëser Direktiv geholl gëtt an deen ech gär géif uschwätzen, ass d’Opstelle vu Mammegesellschaften, sollten zwee oder méi Finanzinstituter an der EU ugesidelt sinn. Oft huet d’EU nëmme begrenzte Kontrollméiglechkeeten, well d’Mammegesellschaften einfach net um EU-Territoire sinn. Dat ass e Problem, dee mer net nëmmen an der Finanzwelt gesinn, dee mer am Moment och reegelméisseg am Big Tech gesinn, wou dann d’GDPR ëmgaange gëtt einfach doduerjer, well mer keen hei an Europa ze gräife kréien. Duerfir ass et gutt, datt d’Global Players, déi iwwer 40 Milliarden Euro Assets, also Verméigen, hunn an déi op d’mannst zwou Duechtergesellschaften an der EU hunn, elo mussen eng EU-Mammegesellschaft grënnen, déi d’Hand iwwer hir Geschäfter hei an der EU hält. Och do gëtt et erëm e ganz pregnanten Akronym, erëm dräi Buschtawen: den IPU, den „intermediate EU parent undertaking”.

Et ass ze begréissen an et wär ze hoffen, datt dat an Zukunft – ech hunn d’GDPR ugeschwat – vläicht och op aner Firmekonstrukter kéint ugewannt ginn, fir esou eng gewësse Kontroll och ënnert dem europäesche Gesetz ze garantéieren.

Här President, ech wéilt awer nach op e weidere Punkt an dësem Gesetz agoen, dee mech dann awer e bëssen iwwerrascht huet. Et handelt sech dobäi ëm de Saz: « Les politiques et pratiques de rémunérations visées sont neutres du point de vue du genre. »

Elo hat ech a menger Naivitéit dach tatsächlech gemengt, datt mer esou eppes schonn am Code de travail stoen hätten; an effektiv, am Artikel 225-1 vum Code de travail steet et. Duerfir verstinn ech net – an do war de Staatsrot a sengem éischten Avis der selwechter Meenung -, firwat een esou eppes nach eng Kéier extra misst fir de Finanzsecteur festhalen. Fanne mer, datt de Finanzsecteur nach eemol extra misst drop higewise ginn, datt se sech missten un d’Gesetz, nämlech de Code de travail, halen an datt Männer a Fraen déi selwecht Pai a Boni misste kréien? A wa jo, firwat?

Mir gesi jo, datt den Gender Pay Gap trotz legalem Kader nach ëmmer eng Realitéit ass. Duerfir sollte mer net probéieren, de Problem mat weidere Gesetzesartikelen ze reegelen, mee kucken, datt och de leschte Patron sech endlech dorun hält. Mir mussen d’Leit dobausse weiderhi fir dëst Theema sensibiliséieren an d’Patronen an d’Aarbechter genausou wéi d’Aarbechterinnen an d’Patronnen iwwer hir Rechter a Flichten informéieren. Well eleng mat engem Saz an engem Gesetzestext ass et leider net gedoen. Hei ass e kontinuéierlecht Engagement vun allen Acteuren an Actricë gefrot.

D’Piraten sti fir Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter, an dat heescht och, datt den Gender Pay Gap eng Saach vun der Vergaangenheet muss sinn. Alles anescht ass eng ongerecht an ongerechtfertegt Diskriminatioun op Basis vum Geschlecht.

Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mat der sougenannter Barnier-Reform vun 2014 hat d’EU schonn e wichtege Schrëtt gemaach, fir Sécherheetsstandarden, wat d’Finanzinstituter ugeet, opzestellen. Och mat dësem Text geet Lëtzebuerg mat op de Wee vun nach méi eenheetleche Reegelungen an der EU.

Mir Piraten ënnerstëtzen all Schrëtt a Richtung méi Sécherheet am Finanzsecteur. Mir hu spéitstens 2008 gesinn, datt de Marché eeben net alles eleng ka reegelen an datt de Staat muss punktuell Virgabe maachen, fir esou ze evitéieren, datt herno eis ganz Wirtschaft ënnert den Entscheedunge vun Eenzelne leide muss. Mat dësen EU-wäite Spillreegele suerge mer fir méi Sécherheet fir d’Verbraucher, mee och fir méi Sécherheet fir d’Finanzinstituter, well jidderee muss sech un déi selwecht Reegelen halen, muss Eegekapital op d’Säit leeën a muss eng Mammegesellschaft grënnen, falls d’Aktivitéiten an der EU iwwert de genannte 40 Milliarde leien. An aus all dëse Grënn stëmmen d’Piraten dëse Projet haut mat.

Ech soen Iech Merci.


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.