Marc Georgen:
Här President,
merci dem Gilles Roth fir seng exzellent Initiativ, dass mer dëst wichtegt Gesetz haut hei am Haus däerfen ofstëmmen. Een Dag nom Weltfraendag mécht dann och Lëtzebuerg endlech de wichtege Schrëtt, de sougenannten Upskirting an de Voyeurismus ënner Strof ze stellen.
Persounen a Vestiairen oder Toilettë vun ëffentlechen Ariichtungen ze beobachten, wéi se sech ausdinn, a Fraen den Handy ënnert d’Jupe ze halen, ass e ganz kloren Iwwergrëff. Dat war deene meeschte glécklecherweis och bewosst, mee verbuede war et trotzdeem net. Obwuel Frankräich scho virun zwee Joer an d’Belsch souguer scho viru véier Joer entspriechend Gesetzer gestëmmt hunn, hat zu Lëtzebuerg awer déi Gesetzgeebung bis elo eng grouss Lück. Do muss ee sech d’Fro stellen, firwat net éischter eppes gemaach ginn ass, fir dës Form vu sexualiséierter Gewalt ze verbidden. Wéi esou oft, wann et ëm de Sujet vun der sexualiséierter Gewalt a Belästegung geet, sinn et d’Fraen, déi leider am heefegste betraff sinn. Obwuel et ëmmer den Täter ass, deen am Onrecht ass, sinn et trotzdeem vill ze oft d’Affer, déi sech upassen.
Affer musse sech och emol esou deplacéiert Froe gefale loosse wéi déi, ob dann d’Jupe net vläicht einfach ze kuerz war, wann een onbemierkt drënner filme konnt. Dat ass en No-Go! Mee ganz egal, wéikuerz eng Jupe ass, a ganz egal, wéi voll de Bus oder Zuch ass, et ass ni dem Affer seng Schold, wann een ouni Zoustëmmung ze no kënnt oder Fotoe mécht.
Dofir ass et esou wichteg, dass mir mat dësem Text eng Gesetzeslück zoumaachen, déi eppes verbitt, vun deem mir eis all eens sinn, dass et net legal dierf sinn, well et ëm Handlunge geet, déi ouni dem Affer seng Zoustëmmung vollzu ginn.
De Krittär vun der Zoustëmmung an d’Recht, seng Zoustëmmung och zu all Zäitpunkt nees entzéien ze kënnen, mussen an eiser Gesetzgeebung e besonnescht Gewiicht hunn, an dëst och iwwert dëse punktuelle Gesetzesprojet eraus.
An de leschte Joren ass en Ëmdenken ze erkennen, wann et drëms geet, wéi joerzéngtelaang gesellschaftlech toleréiert ginn ass, dass Männer Fraen ouni hir Zoustëmmung ze no komm sinn. Hei muss de Legislateur endlech kloer Gesetzer maachen an domat déi Beweegung, déi gesellschaftlech zu dësem Theema opkënnt, ënnerstëtzen.
Do leescht och dësen Text säi Bäitrag. An dofir wëll ech och de Kolleege vun der Oppositioun villmools Merci soe fir dës Proposition de loi. Mir Piraten wäerten dëst Gesetz haut natierlech matstëmmen. Mir dierfen hei awer elo net ophalen. Dëst Gesetz deckt e puer ganz spezifesch Fäll of, an dofir huet et seng Daseinsberechtegung. Mee trotzdeem hu mir nach e wäite Wee ze goen, fir de Prinzip vun der Zoustëmmung, vum Konsens weider ze stäerken.
Eis Gesetzgeebung war scho virun der Digitaliséierung alles anescht wéi perfekt. De Fait, dass bal jidderee quasi zu all Moment eng Kamera an der Täsch huet, huet d’Situatioun sécher net vereinfacht.
Mir mussen eis Gesetzer iwwerschaffen, Lücken zoumaachen an Texter un d’Verännerunge vun der digitaler Welt upassen. Gläichzäiteg musse gesellschaftlech Prozesser ënnerstëtzt ginn, déi al Musteren a Fro stellen an den Eenzelne stäerken. Dësen Text ass e wichtege Schrëtt, fir d’Protektioun virun Handlungen ouni Zoustëmmung ze verbesseren. Mee et bleift nach vill ze maachen.
Merci.
- December 7, 2023
- 9:46 am
- Questions parlementaires
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt