Marc Georgen:
Här President,
wann haut d’Parlament iwwert d’Gesetz ronderëm d’Missioune vun eiser Arméi ofstëmmt, da muss een och e méi breede Bléck op Fridden a besonnesch och op den Asaz vu Waffe werfen.
Besonnesch musse mer eis d’Fro stellen, ob mir net ënnert dem Virwand vu Fridden de Fridden als Excuse notzen, fir Waffen ze benotzen, Waffen, déi an deene meeschte Fäll awer net zu méi Fridde wäerte féieren, mee am Géigendeel.
A menger Ried wäert ech méi genau op déi friddlech Astellung vun eis Piraten agoen, eis pazifistesch Haltung, also eis eethesch Grondastellung, wou een den Aggressiounskrich ofleent, an dass mir dozou stinn, fir bewaffnet Konflikter ze vermeiden.
Dëse Gesetzesprojet haut huet zwee Gesiichter. Dëst Gesetz kann och dozou agesat ginn, méi Schlechtes ze bewierke wéi Guddes. Wa mir iwwer international Krisemissiounen, bei deenen eis Arméi matmécht, fir an anere Länner anzegräifen, schwätzen: An dësem Gesetz ass de Projet ufangs higaange mat e puer Aktualiséierungen, fir dass eis Truppe méi einfach kënnen un internationale Friddensmissiounen deelhuelen. Am Ufank war et och nach ouni eng parlamentaresch Kontroll. Do gesäit een also, wat d’Meenung vun der Regierung deemools war.
D’Begrëffer am ale Gesetz waren net méi aktuell, wat natierlech fir e puer Problemer gesuergt huet bei de Missiounen, déi net ënnert de Begrëff „Opérations pour le maintien de la paix“ gepasst hunn, dat oft berechtegt, well et eeben net fir de Fridde war.
Eng grouss Ännerung, déi mir Piraten begréisse bei dësem Gesetz, ass allerdéngs, dass, bevir d’Regierung decidéiert, eis Zaldoten an aner Länner ze entsenden, et an Zukunft op der ëffentlecher Plaz debattéiert muss ginn, hei am Parlament. Do muss een och e grousse Merci un d’Kolleege vun déi Lénk soen, well et ware si, déi den ëffentlechen Drock oprechterhalen hunn am Ufank, an et war eng kritesch Press, déi déi ondemokratesch Praktiken hannerfrot hat, dat alles mam Resultat, dass mer
elo e bessert Gesetz kruten, dat och duerch eng aktiv Chamberskommissioun. Mir huelen d’Diskussiounen eraus aus den Hannerzëmmer vun der Regierung, well bekanntlech kritiséiere mir Piraten och de Regierungsrot, dass deen net transparent genuch ass. D’Informatiounen an den ëffentleche Rapporte si ganz oft op de Minimum reduzéiert.
Elo mam Gesetz wäert d’Chamber doriwwer diskutéieren, ier mir esou eng wichteg Entscheedung huelen, Zaldoten an Zivilisten an aner Länner ze schécken. Et ass an eisen Aen eng Stäerkung vum Parlament an deemno begréisse mir Piraten dëse Schrëtt hin zu méi Transparenz. Allerdéngs musse mer awer och soen, dass de Projet hei awer och net vill méi wäit geet wéi nëmmen en Debat an der Chamber. En obligatoresche Vott vun enger Majoritéit a – wéisou net? – souguer vun enger Dréivéierelsmajoritéit wär sécherlech eng weider Verbesserung gewiescht. Elo muss een op d’Instrument vun enger Motioun zréckgräifen, fir e Vott ze kréien an engem Debat, eng Motioun, wou eng einfach Majoritéit duergeet.
Dat hei ass e Gesetz, dat eist Land dozou berechtegt, an aner Länner hinzegoen an duerno mat Waffen aktiv ze ginn. Dat dierft an eisen Aen net ouni e klore Vott am Parlament geschéien. Wéi oft geschitt: Eng Missioun, déi en UNO-Mandat huet, ass am akzeptabelsten. D’Vereente Natioune sinn déi wichtegst Institutioun fir eng friddlech Verstännegung tëscht de Staaten op dësem Planéit. Mee d’Schwächt vun der UNO ass nun emol, dass et eng Organisatioun ass, déi, soubal et ëm Militär geet, d’Interesse vun de Membersstaaten am Sécherheetsrot erëmspigelt. UN-Friddensmissioune bleiwen deemo, och wa se a verschiddene Regiounen néideg wären, eng Raritéit a ginn nëmmen
da Realitéit, wa sech an der UNO endlech emol d’Länner am UN-Sécherheetsrot eens ginn, dass se keng geopolitesch Interessen an der Regioun hunn. Mee zur Reform vun der UNO, do diskutéiere mir en aneren Dag driwwer.
Wéisou mir den Terme vu „Friddensmissioun“ ouni UNO-Mandat kritesch gesinn: Et ass fir e Minister ëmmer en einfacht Argument, eng Interventioun ze begrënne mat: „Mir suerge fir Fridden an Demokratie an anere Länner“. Do sinn d’USA Spezialist dran. Et gouf nach kee Krich, deen se ugefaangen hunn ouni d’Excuse, et wär fir „Fridden“ oder „hir Sécherheet“. An oft konnten d’Geschichtsbicher duerno eng aner Versioun beleeën. De Schued – Mënscheleed, vill Doudeger, ganz Länner destabiliséiert – war awer ugeriicht a wäert ni kënne réckgängeg gemaach ginn.
D’Fro, déi ee sech einfach an éierlech stelle muss, ass: Sinn dës sougenannte Friddensmissiounen ëmmer wierklech fir de Fridden? Festzehalen ass, dass et eng komplizéiert Situatioun ass, Truppen an aner Länner ze schécken, wat och ëmmer de Grond dofir ass. Eethesch ass et souwisou méi wéi zweifelhaft, ob d’Regierungen duerch Amëschen mat Waffegewalt eppes zum Gudde beweegen, an et freet ee sech, ob en diplomateschen oder ekonomesche Wee net dee bessere gewiescht wär, well a ville Konflikter ass een eréischt a schwiereg Situatioune geroden, well eeben déi europäesch Regierungen an hirem Kapitalismus déi Länner iwwer Joerzéngten ausgenotzt hunn.
Eng EU-Politik huet vill schwaarz Flecken an ass net ëmmer esou friddlech, wéi se duergestallt gëtt. An déi Analys deelen ech als iwwerzeegten Europäer. Mir hunn eis Zweifel a bleiwen dofir skeptesch géigeniwwer enger Erweiderung vun esou Missiounen, bei deenen och Lëtzebuerg matmaache soll.
Ee weidere Punkt, deen eis bei dësem Gesetz opstéisst, ass dee vun der ëmmer erëm weiderer Oprüstung vum Militärbudget. All Investitioun a Waffen ass fir eis Piraten de falsche Wee. Mir Piraten gesinn eis do bei de Friddensdemonstranten, virun 30 Joer wéi och nach haut. Zwar ass och Lëtzebuerg hei betraff, mee mir mussen awer soen, dass et net ka sinn, dass et duerch dem Trump seng Aschüchterungspolitik gelongen ass, dass EU-Länner alles drusetzen, hir Militärausgaben ze erhéijen, wärend d’Budgete fir Entwécklungshëllef zréckbleiwen.
Hei fanne mer, dass de falsche Wee ageschloe gëtt an dass et grad misst ëmgedréint sinn, dass d’Sue fir d’Entwécklungshëllef massiv opgestockt misste ginn, fir de méi aarme Krichsregiounen op dëser Welt den Uschloss ze erméiglechen.
An net nëmmen dat; wie Friddensbeméiunge wierklech eescht hëlt, misst och derfir suergen, dass déi aner Länner vun engem fairen Handel op dëser Welt profitéiere kënnen. An hei si souwuel d’EU wéi och Lëtzebuerg mat u villem Schold a vill gefuerdert.
Dës Mënschen an anere Länner kenne keng Perspektiven an der Landwirtschaft, well mir Europäer ze vill Fräihandelsaccorden an iwwersubventionéiert Produite liwweren an doduerch deene Länner all Perspektive fir den Handel huelen. Och dovunner misst een u sech schwätzen, wa mer iwwer Budgetserhéijunge beim Militär schwätzen. Well d’Erhéijunge beim Militär wäerten d’Problemer op dësem Planéit net léisen, dovunner si mir Piraten iwwerzeegt.
Alles an allem ass dëse Projet also eng Weiderféierung vun enger Waffepolitik, jo, souguer eng Ouverture, fir nach méi aktiv ze ginn. An domadder kënne mir Piraten net averstane sinn. Et gi Besserunge bei dësem Projet, well op d’mannst esou d’Interventioun, deen Theema, emol eng Kéier an der Chamber beschwat gëtt. Eis pazifistesch Astellung, eis kritesch Siicht op Waffen … Den Ausbau vun de Missiounen an dësem Projet an och aner Beräicher gi fir eis Piraten ze vill an déi falsch Richtung a setzen net do un, wou een usetze sollt, nämlech bei de Moossnamen, ier et zu engem Krich kënnt. Dofir wäerte mir haut bei deem Vott vum Gesetz dergéint stëmmen.
Merci.
- February 6, 2025
- 2:36 pm
- Parlamentaresch Froen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat