Analys vun de Gemengereglementer déi d’allgemeng Heescherei verbidde wëllen

Context:

Séance publique vum 18ten Abrëll 2023

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Déi rezent Entwécklungen an der Stad Lëtzebuerg mam Verbuet vun der allgemenger Heescherei si medial vill kritiséiert ginn ; 
  • Den europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet a sengem Arrêt “Lacatus vs Schweiz” kloer festgehalen, dass ee generellt Verbuet vun der Heescherei géint den Artikel 8 vun der europäescher Mënscherechtskonventioun verstéisst. Esou huet laut Riichter all Mënsch d’Recht, fir anerer ëm Hëllef ze froen, dëst wier hirer Aschätzung no soss ee Verstouss géint Recht op Privatliewen ;
  • Den Artikel 37 vun der Verfassungsrevisioun, déi den 1ten Juli 2023 an Kraaft trëtt, beseet: « limitation de l’exercice des libertés publiques doit être prévue par la loi et respecter leur contenu essentiel. Dans le respect du principe de proportionnalité́, des limitations ne peuvent être apportées que si elles sont nécessaires dans une société́ démocratique et répondent effectivement à des objectifs  d’intérêt  général  ou  au  besoin  de  protection  des  droits  et  libertés d’autrui » ;
  • Den Deputéierte Benoy eng parlamentaresch Fro vum deposéiert huet, déi dës Punkten och opgeworf huet.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. D’Gemengereglementer, déi d’Heescherei verbidde wëllen, op hir Rechtsstaatlechkeet an Konformitéit zum Arrêt “Lacatus vs Schweiz” z’analyséieren;
  2. D’Reglementer net unzeerkennen an net z’applizéieren, falls sech bei der Analys sollt erausstellen, dass dës Reglementer net am Aklang mat internationalen Konventiounen sinn, déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet.
     

Dës Motioun gouf vun kenger anerer Partei ënnerstetzt. D’Motioun ass domat ofgeleent.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene