Frot är Donnéeën aus dem “geheime Fichier” vun der Police

Een Thema, wat an de leschte Wochen ëmmer erëm Wellen geschloen huet war de Fichier central vun der Police, deen och « Geheime Fichier » oder « Zweete Casier Judiciaire» genannt gëtt.

Ëm wat geet et eigentlech bei dem Fichier central? Ma dat ass u sech ganz einfach : De Fichier central ass eng Datebank, an der Biergerinnen a Bierger opgelëscht ginn, déi op ee Verdacht hin mat der Police a Kontakt komm sinn. D’Police benotzt dës Datebanken fir méi effikass kënnen ze schaffen.

De Fichier central vun der Police respektéiert d’Onscholdsvermuddung net. Dëse Fichier ignoréiert elementar Rechter vu Biergerinnen a Bierger a muncher een fillt sech un en Iwwerwaachungsstaat erënnert.

De Fichier central vun der Police ass fir eis een NO GO. Mir sinn der Meenung, dass jiddereen soll ee Recht hunn ze wëssen, wéi eng Donnéeën iwwert een gespäichert sinn an firwat. Doriwwer eraus muss ee kenne perséinlech Stellung zu dem huelen, wat am Fichier geschriwwe steet an et muss méiglech sinn, den Antrag kënnen ze läschen.

Aus dësem Grond hu mir ee Bréif preparéiert mat deem dir kënnt ufroen wat am Fichier central vun der Police iwwert iech gespäichert ass. Dëse Bréif kënnt dir einfach eroflueden, ausfëllen an ofschécken. Vergiesst net, een Ausweisdokument (Carte d’identité oder Pass) als Kopie mam Bréif ze schécken.

UPDATE 2. Juli 2019.
Alternativ kënnt dir op enger Säit vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg dës Demande och via en online Formulaire fortschécken. Dofir einfach op de folgende Link klicken, deen Iech op déi entspriechend Säit weiderleet: Klick!

Zesummenhang posts

De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) wäert déi nächst véier Joer eng staatlech Finanzéierung vu ronn 180 Milliounen
An der parlamentarescher Fro n° 3044 hat ech nogefrot, no wéi enge Krittären Héichsëtzer fir d’Juegd dierfen opgestallt ginn an a wéi enge Situatioune
Zënter 2023 dierfen d’Leit Cannabis legal zu Lëtzebuerg ubauen a konsomméieren, dëst allerdings nëmmen bei sech doheem ëmmer ënnert strenge Bedingungen. Wat de Stroosseverkéier