Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
D’Schwäizer Autoritéiten hunn d’Verméige vum fréiere venezuelaneschen Diktator Nicolás Maduro agefruer. D’Finanzaktiva an d’Suen, déi méiglecherweis illegal erwirtschaft goufen, kéinten dem venezuelanesche Staat iwwerwise ginn, fir esou dem venezuelanesche Vollek ze déngen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Ass der lëtzebuergescher Regierung bekannt, ob an a wéi engem Ëmfang Kapital oder Verméigen, dat mat dem fréiere Staatschef Nicolás Maduro verbonnen ass, zu Lëtzebuerg gehal gëtt oder registréiert ass?
-
Wéi steet d’Regierung zum Afréiere vun de Finanzaktiva vum fréiere venezuelaneschen Diktator a senger Regierung?
Fro n°3589
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 3589
*D’Bild gouf mat KI erstallt.