Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
D’CNS erlabt de Remboursement vun 12 Konsultatiounen iwwer 6 Méint bei engem Generalist oder Spezialist. Fir all weider Konsultatioun freet d’CNS eng Justifikatioun, respektiv et muss een am Virraus ëm Erlabnis bei der Keess froen. Bei Patiente mat medezineschem Cannabis, déi widderhuelt bei hiren Dokter oder hir Doktesch mussen, kënnen scho mol séier vill Konsultatiounen zesumme kommen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat gëtt et dës Reegelung vun den 12 Konsultatiounen?
-
Wéi vill Persounen hunn déi 12 Konsultatiounen an de leschte 5 Joer iwwerschratt an hunn dofir mussen eng speziell Erlabnis vun der CNS kréien fir de Remboursement?
-
Wat brauch d’CNS un Informatiounen, fir esou een Remboursement ze geneemegen?
-
Wier eng speziell Reeglung fir Patienten, déi medezinesche Cannabis kréien oder z.B. eng Kriibsbehandlung maachen, an den Aen vun der Ministesch sënnvoll? Wa jo, wäert d’Ministesch dës emsetzen? Wa nee, firwat net?
Fro n°446
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 446