FRO.LU: Situatioun op de Stroossen duerch Chantieren

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Moment sinn uechtert Land erëm op ville Stroossen, Schinnen an Tunnellen Aarbechte geplangt. Et kann dofir virkommen, dass een ënnerwee bis an d’Stad méi Chantieren ënnerwee begéint. Dëst war zum Beispill de Fall mam Chantier op der N12 tëscht Bour an Dondel, wou d’Deviatioun iwwert Miersch op d’Autobunn amgaangen ass, déi hirersäits wéinst den Aarbechten am Tunnel “Gousselerbierg” dofir gesuergt huet, dass den Traffic just nach bidirectional gelaf ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Chantiere sinn dëst Joer tëscht dem 15te Juli an dem 15te September geplangt? Ëm wéi eng handelt et sech?

  2. Wat mécht de Ministère fir d’Leit fréizäiteg iwwert dës Chantieren opzeklären?

  3. A wéi fern spillt et bei de Chantieren eng Roll, wann et sech ëm eng Haaptverkéiersachs handelt?

  4. Wéi gëtt verhënnert, dass d’Deviatioun vun engem Chantier net d’Deviatioun vun engem anere verlängert?

Fro n°8197

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8197

Zesummenhang posts

De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) wäert déi nächst véier Joer eng staatlech Finanzéierung vu ronn 180 Milliounen
An der parlamentarescher Fro n° 3044 hat ech nogefrot, no wéi enge Krittären Héichsëtzer fir d’Juegd dierfen opgestallt ginn an a wéi enge Situatioune
Zënter 2023 dierfen d’Leit Cannabis legal zu Lëtzebuerg ubauen a konsomméieren, dëst allerdings nëmmen bei sech doheem ëmmer ënnert strenge Bedingungen. Wat de Stroosseverkéier