FRO.LU: Rechnunge fir net ofgesote Rendez-vouse beim Dokter

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Fall wou een säin Dokters Rendez-vous net mat Zäiten oder guer net ofseet, kann een Dokter eng Rechnung ausstellen. Dës Rechnung gëtt net vun der CNS iwwerholl.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Rechnunge goufen an deene leschte 5 Joer un d’CNS geschéckt wou een “Rendez-vous non observé” facturéiert ginn ass?

  2. Huet d’CNS Estimatiounen, wéi oft esou Facturen am Joer ausgestallt ginn?

Fro n°7836

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7836

Zesummenhang posts

Laut rezente Medieberichter gëtt et eng wuessend Zuel vu franséische Grenzgänger, déi offiziell zu Lëtzebuerg ugestallt sinn, awer déi hir Aarbecht komplett a Frankräich
D’Plattform “Luxembourg under Destruction” huet an engem Post vum 13ten Dezember drop opmierksam gemaach, dass d’Schlass zu Weimerech zu Jonglënster wäert ofgerappt ginn. D’Gebai
Mam Gesetz vum 27te Juli 2022 kruten d’Gemengebeamten méi Kompetenzen, fir verschidden Inzivilitéiten kënnen ze sanktionnéieren. Am Artikel 4 (1) vum Gesetz as festgehalen: