FRO.LU: IRM ënner Vollnarkose

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro n°2189 huet d’Madame Ministesch uginn, datt Patienten eng liicht Narkose kréie kënne fir eng IRM-Ënnersichung duerchzeféieren. Awer och ënner enger liichter Narkos erliewe vill klaustrophobesch Patiente weiderhin eng intensiv Angscht. Den engen Tunnel vun der IRM, déi absolut Onbeweeglechkeet déi wärend der Ënnersichung erfuerdert ass, a munchmol och d’Tatsaach datt ee fixéiert oder am Apparat festgehale gëtt, maachen all Beweegung onméiglech a provozéieren, bei verschiddene Patienten, schwéier Panikattacken. Fir dës Patienten ass eng liicht Narkose keng genuch Léisung a kann dozou féieren, datt d’Ënnersichung ofgebrach gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et zu Lëtzebuerg méiglech, eng Vollnarkos (Allgemeng Anästhesie) fir klaustrophobesch Patienten ze kréien, déi et net aushale kënnen, 20 Minutten an engem IRM-Tunnel ze bleiwen?  • Wann jo, wéi eng Formalitéite mussen erfëllt ginn?  • Wann nee, firwat net?

  2. Eng oppen IRM am Ausland ka bis zu 1.000 € pro Ënnersichung kaschten, an de Patient ass gezwongen, dëse Montant aus eegener Täsch ze bezuelen, mat Ausnam vun den 150€, déi no der Nomenclature rembourséiert ginn. Sou muss e krank Patient, dee bei der CNS verséchert ass, dës Käschte selwer droen, wann eng IRM ënner Vollnarkos hei zu Lëtzebuerg net méiglech ass. Wéi vill Leit hunn an de leschte fënnef Joer missen an d’Ausland goe fir eng IRM (notamment eng oppen IRM) ze maachen, déi zu Lëtzebuerg net disponibel war?

  3. Wéi vill IRM-Ënnersichungen hunn zu Lëtzebuerg an de leschte fënnef Joer missen ofgebrach ginn, well de Patient net méi a der Lag war, d’Ënnersichung wéinst Angscht oder Panik weiderzemaachen?

Fro n°3219

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3219

Zesummenhang posts

D’Erënnerung un d’Evenementer an d’Affer vum Zweete Weltkrich, besonnesch un d’Shoah, ass e fundamentalen Deel vun eiser nationaler Verantwortung. Den 80. Joresdag vun der
Et gouf mir zougedroen, datt eng ganz Rei Net-Resident retraitée mat eemol an op eng kritesch Manéier hir Pensioun suspendéiert kréien. Dës Suspensioune schénge
D’Prozedur fir d’Aschreiwe vun engem Partenariat civil (PACS) setzt d’Constitutioun vun engem Dossier mat verschiddenen offiziellen Dokumenter viraus. Dozou gehéiert ënner anerem en integralen