FRO.LU: Installatioun vu Smart Meters

Published by Sven Clement on

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Duerch d’Ëmsetze vun enger EU Richtlinn missten all d’Stroum a Gaszieler bis den 31ten Dezember 2019 respektiv den 31 Dezember 2020 ausgetosch sinn. Duerch dës Zieler léisst sech quasi an Echtzäit novollzéien, wéi vill Stroum a Gas ee verbraucht. Am Kontext vun der massiver Erhéijung vun de Präisser, notamment vu Stroum a Gas, ginn d’Bierger encouragéiert méi effizient mat Energie ëm ze goen. Hei kéinnt dës Informatioun dozou bäidroen, de Verbrauch ze senken. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Prozent vun de Stéit hunn mëttlerweil Smart meters fir Stroum?  

  2. Wéi vill Prozent vun de Stéit déi Gas hunn, hu mëttlerweil Smart meters fir Gas?

  3. Falls nach net all Stéit esou een Zieler hunn, wéini wäerten all dës nei Zieler viraussiichtlech installéiert sinn?

  4. Wouduerch ass eng eventuell Verspéidung vun der Installatioun vun dësen Zieler z’erklären? 

  5. Huet dës Verspéidung iergendwellech legal Konsequenzen?

  6. Wou kënne Leit sech mellen, déi nach kee Smart Meter installéiert krut hunn, fir d’Installatioun zäitno gemaach ze kréien?

Fro n°6771

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6771


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.