FRO.LU: Genetesch Tester beim LNS

Published by Sven Clement on

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

De LNS bitt duerch säin “National Center of Genetics” verschidde Servicer un, fir genetesch Diagnostiken ze maachen an op verschidde Pathologien ze testen. Heifir gëtt de Patient/in vum Dokter un de LNS verwisen. Eisen Informatiounen no ginn et am Moment ganz laang Waardezäite beim LNS, wat esou Tester ugeet. Bis zu engem Joer kann et laut LNS momentan daueren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass d’Delaien effektiv bis zu engem Joer kënnen daueren?

  2. Wéi vill dëser Tester goufen an deene leschte 5 Joer pro Joer ugefrot?

  3. Patiente ginn no Prioritéit behandelt. Esou gi pré-natal Ënnersichunge méi séier gemaach, wärend aner Patienten als manner urgent ugesi ginn.  Kann d’Ministesch d’Krittären, no deenen dës Prioritéite festgehale ginn, erklären?

  4. Wéi vill Persoune schaffe momentan am National Center of Genetics, opgelëscht no Beruff?

  5. Wéi vill Persoune misste laut Ministesch an dësem Zenter schaffen, fir d’Delaien erofzeschrauwen? Wat fir Delaien hält d’Ministesch an dem Kontext fir vertrietbar?

  6. Wien decidéiert schlussendlech, ob dee vum Dokter ugefrotene geneteschen Test vum LNS gemaach gëtt oder net? 

  7. Wéi vill Ufroe fir e geneteschen Test sinn an deene leschte 5 Joer vum LNS refuséiert ginn?

  8. No wéi enge Krittäre gi verschidde genetesch Tester vum LNS refuséiert?

Fro n°6683

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6683


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published.

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.