FRO.LU: Alzheimermedikament Lecembi

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An der Alzheimerfuerschung goufe rezent grouss Fortschrëtter gemaach. Esou gouf d’Medikament Lecembi entwéckelt. Den doran enthalene  Wierkstoff Lecanemab géif net just Symptomer, mee d’Kränkt u sech ugräifen. Zanter Enn November an der EU zougelooss an ab nächstem Joer soll et och hei zou Lëtzebuerg kënne verschriwwe ginn. D’EU hat ufangs bei der Zouloossung gezéckt wéinst de Niewewierkungen, dorënner Gehierbluddungen. Éischten Experienzen no sinn déi manner schro wéi gefaart,  mee d’Patiente mussen iwwerwaacht ginn. D’Patiente misste wärend 12 Méint mindestens 4 Mol an eng IRM goen. Ouni dës Kontrolle kéint d’Medikament net verschriwwe ginn. An der Vergaangenheet goufen et grouss Retarde bei den IRMen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert et zu Lëtzebuerg fir Patient:inne wierklech méiglech ginn, fir effektiv een Traitement mat Lecembi ze kréien, obwuel déi virgeschriwwe Kontrollen am IRM an der Realitéit opgrond vun den aktuelle Waardezäite ganz schwéier kéinte ginn?

  2. Gouf eng Strategie ausgeschafft, mat där déi virgeschriwwe 4 Kontrollen am IRM fir Patient:innen, déi an engem Traitement mat Lecembi sinn, méiglech gemaach soll ginn? Wa nee, firwat gëtt et heifir keng Strategie?

Fro n°1707

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1707

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen