Finanziell Situatioun vun der CNS a Mesurë fir den Defizit ze reduzéieren – Nofro

An der parlamentaresch Fro n°2869 hunn ech de 15te September Froen zur finanzieller Situatioun vun der CNS gestallt. Bei dëse Froe goung et awer net nëmmen ëm déi momentan Situatioun vun der CNS, mee och ob et Pläng gëtt, d’Bäiträg zur Krankeversécherung ze erhéijen oder aner nei Finanzéierungsquellen anzeféieren. Dës Weidere wollt ech wëssen, wat fir eng Mesuren d’Regierung plangt ze huele fir den Defizit vun der CNS ze reduzéieren a wat fir eng strukturell Reformen am Gesondheetswiesen am Kader vun der deemools nach kommender Quadripartite virgesi wieren, fir d’Käschten ze kontrolléieren, ouni dass awer d’Qualitéit vun de Gesondheetsleeschtunge kompromettéiert géif ginn. Den 13ten Oktober, also e gudde Mount no menger parlamentarescher Fro, huet eng Quadripartite stattfonnt, wou iwwert déi finanziell Situatioun vun der Krankekeess diskutéiert gouf. De 14ten Oktober hunn ech vun der Ministesch eng Äntwert op meng parlamentaresch Fro kritt, wou op de Link zum Communiqué iwwert d’Quadripartite verwise gëtt. An dësem Communiqué gëtt awer just meng éischt Fro beäntwert, wärend déi op aner dräi Froe just zum Deel geäntwert gëtt. D’Positioun vun der Ministesch oder der Regierung selwer ginn awer net aus dësem Communiqué ervir. Och e méigleche Verweis op Aarbechtsgruppen, déi an de kommende Méint verschidde Propose sollen ausschaffen, ass keng zefriddestellend Äntwert. Dëst besonnesch en vue vun der Onsécherheet, ob dës Mesurë laangfristeg iwwerhaapt duer ginn, awer och en vue vun de ville Problemer, déi et aktuell am Secteur ginn (Kënnegung vun der CNS-Konventioun vun der AMMD, verschidde Mediatiounen, déi am Echec sinn). D’Bierger hunn e Recht op kloer Äntwerte vun der Regierung iwwert hir politesch Positioun an hir Pläng – net op vag Verweiser op Aarbechtsgruppen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Dofir froen ech erëm, dës Kéier mat der expliziter Fuerderung no der konkreter Positioun vun der Ministesch an der Regierung, a net mat dem Verweis op eventuell zukünfteg Propose vun Aarbechtsgruppen: Wéi eng konkret Mesurë plangt d’Regierung, fir den Defizit vun der CNS ze reduzéieren ouni d’Qualitéit vun de Gesondheetsleeschtungen ze kompromettéieren?

  2. Och hei froen ech erëm, och dës Kéier mat der expliziter Fuerderung no der konkreter Positioun vun der Ministesch an der Regierung, a net no Verweiser op eventuell zukünfteg Propose vun Aarbechtsgruppen: Gëtt et Pläng, d’Bäiträg zur Krankeversécherung ze erhéijen oder nei Finanzéierungsquellen anzeféieren, fir d’finanziell Stabilitéit vun der CNS laangfristeg ze garantéieren?

  3. Och hei froen ech erëm, och dës Kéier mat der expliziter Fuerderung no der konkreter Positioun vun der Ministesch an der Regierung, a net no Verweiser op eventuell zukünfteg Propose vun Aarbechtsgruppen: Wéi eng strukturell Reformen am Gesondheetswiese sinn am Kader vun der kommender Quadripartite virgesinn, fir d’Käschten ze kontrolléieren, ouni den Zougang zu Gesondheetsleeschtungen anzeschränken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3066

Zesummenhang posts

D’USA huet nei Sanktioune géint Russland ausgeschwat an déi russesch Firma LUKOIL op eng Sanktiounslëscht gesat. LUKOIL huet och zu Lëtzebuerg Aktivitéiten a bedreift,
Et gi vill Leit, déi Wäert op eng bewosst Ernärung leeën, egal, ob et aus etheschen, reliéisen oder gesondheetleche Grënn ass. Leider feelt et