Loading Events

« All Events

  • This event has passed.

Bezierkskongress Süden 2024

January 20, 2024 @ 10:00 am - 5:00 pm

Ahoi !

Mir invitéieren dech heimadder häerzlech op de Süd-Kongress, deen de Samschden, den 20te Januar 2024, ab 10h00 am Kulturhaus Käerjenger Treff stattfënnt. D’Adress ass 54c Avenue de Luxembourg, L-4950 Bascharage.

De virleefege Programm vum Kongress gesäit esou aus: 

  1. Begréissung an Erëffnung duerch de Marc Goergen, Deputéierten a Koordinator
  2. Wal vun der Kongressleedung
  3. Wal vum Bezierkscomité fir déi nächst 2 Joer (Kandidaturen via ahoi@piraten.lu oder per Post)
    • 1 Koordinator
    • 1 Tresorier
    • Weider Comitésmemberen
  4. Wal vun 2 Keessepréifer
  5. Divers
  6. Mëttegiessen (Flatrate)

Membersbäitrag 2024

Denk drun, ab dem 1te Januar 2024 däi Membersbäitrag vun 10€ fir d’Joer 2024 ze bezuelen, fir um Kongress kënnen ofzestëmmen. De Betrag kanns du op de folgende Konto iwwerweisen:
Piratepartei Lëtzebuerg asbl BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000
Schreif w.e.g. an d’Kommunikatioun: “Membersbäitrag 2024 + däin Numm”

Du kanns däi Membersbäitrag fir 2024 och ganz einfach mat der Kreditkaart um folgende Link bezuehlen: cotisation.pp.lu 

Mëttegiessen um Kongress (Flatrate)

D’Flatrate fir Iessen a Gedrénks kanns du hei bezuelen: https://book.stripe.com/8wM00d0w9a7O1vq3cB

Alternativ kanns du einfach ee Virement op folgende Bankkonto maachen:

Piratepartei Lëtzebuerg asbl BCEELULL LU67 0019 3255 6480 6000
Schreif w.e.g. an d’Kommunikatioun
“Flatrate Kongress Süden 2024 + Unzuel u Kanner an Erwuessener”

Mir freeën eis op dech !

Deng PIRATEN