Mir invitéieren dech häerzlech op de Ost-Kongress, deen en Donneschden, den 18ten Abrëll 2024, ab 19h00 am Kulturhuef Bistro stattfënnt. D’Adress ass 54 route de Trèves L-6793 Grevenmacher.
De virleefege Programm vum Kongress gesäit esou aus:
- Begréissung an Erëffnung duerch de Marc Goergen, Deputéierten a Koordinator
- Wal vun der Kongressleedung
- Wal vum Bezierkscomité fir déi nächst 2 Joer (Kandidaturen via ahoi@piraten.lu oder per Post)
- 1 Koordinator
- 1 Tresorier
- Weider Comitésmemberen
- Wal vun 2 Keessepréifer
- Divers
- Owesiessen (Flatrate)