FRO.LU: Cannabis Ueleg Nofro-November 2022

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Nodeems de Cannabis Ueleg (250 Flaconen am November 2021) fir d’éischt huet missten op seng Qualitéit gepréift ginn, konnt en duerno un d’hospitaliséiert Patiente verdeelt ginn. Eisen Informatiounen no gëtt den Ueleg mëttlerweil un weider Patiente verdeelt, mee op Uweisung vum Ministère nëmmen un nei Patienten, well d’Quantitéiten un Ueleg net grouss genuch sinn. Eng Klinik huet eis bestätegt, dass d’Quantitéite vu Cannabis Ueleg ze limitéiert wieren, fir se un all Cannabis-Patient ze verdeelen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass de Ministère d’Uweisung ginn huet, den Ueleg just un nei Patienten ze ginn?

  2. Fënnt d’Ministesch net, dass heimat eng Zwouklassemedezin entsteet, déi nei Patiente géigeniwwer ale Patiente bevirdeelegt?

  3. D’Ministesch huet an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 6864 erkläert, dass een d’Konsummatiounszuele vum September géing ofwaarden, fir nei Bestellunge fir de Cannabis Ueleg.  Huet d’Ministesch dës Zuele mëttlerweil?  • Wa jo, si schonn nei Bestellunge getätegt ginn? • Wa nee, wéini sollt de Ministère dës Zuele kréien?

  4. Falls mëttlerweil weider Bestellungen un Cannabis Ueleg getätegt gouf, wat fir Quantitéite goufe bestallt a wéini sollen dës viraussiichtlech geliwwert ginn?

  5. Wat fir ee Stock un medezineschem Cannabis (opgelëscht no de Bléienaarten an Ueleger) huet Lëtzebuerg momentan (Stand 1.11)?

Fro n°7112

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7112

Zesummenhang posts

Een Artikel am Tageblatt vum 27ten Oktober thematiséiert d’Opstelle vu grousse Werbebildschiermer an de Sécherheetsrisiko, deen domadder fir Automobilisten am Stroosseverkéier anhirgeet. Rezent gouf
Zënter 2016 ass de fréiere Generaldirekter vum Mudam an engem juristesche Sträit mat deemolege Mataarbechter vun RTL Lëtzebuerg, dorënner zwee Journalisten. Am Mäerz 2026
D’Qualitéit vun eiser Ëmwelt huet sech an de leschte Joerzéngte verschlechtert. Op ville Plaze sinn eis Gewässer an eis Biedem mat ville Produkter belaascht,