D’Biergerinnen a Bierger waarden weiderhin op e ethescht an deontologescht Reegelwierk fir Elus locaux’en. D‘Piraten hu bei der Ministesch Taina Bofferding nogefrot ob di aktuell Regierung plangt sou een Code de Déontologie anzeféiere fir Klientelismus an Interessekonflikter um Niveau vun de Gemengeréit ze evitéieren an d‘Vertrauen an dës lokal Decisiounsorganer ze stäerken.
Am Folgende fannt der den Text zu eiser Fro:
“Konform zum Koalitiounsaccord vun 2013, wäert d’Regierung e Code de déontologie fir gewielte Gemengevertrieder ausschaffen, dësst an enker Consultatioun mam Syvicol.”
Ze liesen ass dësst an der Äntwert op eng Question parlementaire un d’Adress vum deemolegen Inneminister vum 25. August 2014. 2019 waarden d’Biergerinnen a Bierger weiderhin op e ethescht an deontologescht Reegelwierk fir Elus locaux’en. Bei eise belschen Noperen huet d’wallounescht Parlament well am Joer 2005 en Dekret votéiert wat d’Gemengen obligéiert entspriechend Reegelen an hire Règlement d’ordre interne opzehuelen. Am Kader vun der Reform vum Gemengegesetz géifen d’Piraten eng deementspriechend Initiativ encouragéieren.
An deem Zesummenhang wéilt ech der Ministesch dës Froe stellen:
- Madamm Ministesch Bofferding, gedenkt Dir e Code de déontologie fir Gemengevertrieder anzeféieren ? Wa jo, wéini genee soll dësst ëmgesat ginn?
- Kéint dir präziséiere wéi eng Aart vu Reegelen Dir de Gemengevertrieder géift operleeën a firwat?
- Madamm Ministesch, wien géif um Ausschaffe vun engem entspriechende Code de déontologie bedeelegt ginn ? Géifen och Vertrieder aus der Zivilgesellschaft mat abezu ginn?
Mat déiwem Respekt,
CLEMENT Sven
Député