Dreck gehéiert net an d’Natur

Nieft dem Offall, deen een oft op Staatsstroossen fënnt (siehe meng parlamentaresch Fro n°435) ginn och Spadséierweeër oft zougemüllt mat Offall, deen näischt do verluer huet. Mir ass zum Beispill ee Fall bekannt op engem Spadséierwee zu Drauffelt, wou den Dreck op de Weeër de Wëll- an Notzdéieren zum Verhängnis gëtt, well d’Déieren den Offall friessen oder sech dorunner verletzen.

Dat ofgeännert Offallgesetz vum 21te Mäerz 2012 ass u sech ganz kloer a stellt de Littering ganz kloer ënner Strof. Trotzdeem weisen d’Zuelen aus der parlamentarescher Fro n° 7827 vum 28te Mäerz 2023, dass 886 Mol géint d’Gesetz verstouss gouf. A dobäi sinn dat nëmmen déi Fäll, wou och tatsächlech Täter erwëscht goufen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung d’Zuelen aus der Fro n°7827 fir d’Joer 2023 virleeën?

  2. Wéi vill Fäll sinn der Ministesch fir Landwirtschaft bekannt, u Wëlldéieren an Notzdéieren vu Baueren, déi sech opgrond vum Dreck an der Natur verletzt hunn an zum Beispill an eng Wëlldéierestatioun oder bei ee Veterinär hu misste gefouert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 442

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene