Ufank Juni gouf et um RTL e Sonndesinterview mat dem Chef vun der Rechtsmedezin vum LNS. Dobäi gouf och iwwert Doudesfäll bei jonke Leit geschwat. Beim plëtzleche Kandsdoud fuerdert den Dr. Thorsten Schwark, dass méi Autopsië solle gemaach ginn. Dës géifen aktuell just gemaach ginn, wann den Dokter, deen d'”Läicheschau” virhëlt, Zweifel un der Doudesursaach hätt. E plëtzleche Kandsdoud kéint laut dem Dr. Schwark awer just unhand vun enger Obduktioun an aneren zousätzlechen Ënnersichungen diagnostizéiert ginn, aner méiglech Ursaache missten dofir ausgeschloss gi sinn. Dem Dr. Schwark senger Erfarung no géif ee bei enger Obduktioun dann awer méi oft festgestallt ginn, dass et sech ëm een “Tötungsdelikt” gehandelt huet. Bei 3 bis 5% vun den Autopsië vu Puppelcher, déi hien am Laf vu senger Karriär gemaach hätt, wär dat nämlech de Fall gewiescht. Dem Thorsten Schwark no misst all Persoun ënner 18 Joer, déi plëtzlech verstierft, a wou keng wesentlech Virerkrankung bekannt ass, obduzéiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat gëtt aktuell net bei alle Kanner a Mannerjäregen, bei deene keng Virerkrankunge bekannt sinn a plëtzlech verstierwen, eng Obduktioun gemaach?
-
Hätt Lëtzebuerg haut d’Kapazitéite fir dëst ze maachen? Wa nee, wéi vill zousätzlech Ressource géifen dofir gebraucht ginn, fir dass all verstuerwene Mannerjäregen, am LNS kéinten obduzéiert ginn?
QP Nummer 845