Débat d’orientation au sujet de la modernisation et des défis de notre système fiscal (suite)

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Wéi
d’lescht Woch och schonn, wéi déi Motioun erakomm,
wäerte mir dat haut matstëmmen, well et ass ganz
einfach esou: Ee mam Mindestloun bezilt Steieren. De
Sven huet dat schonn oft hei virgerechent. An et sinn
nu mol …, Dir hutt virdrun iergendwou an Ärer Ried,
ech hat mer et opgeschriwwen, erwäänt, dass am Ausland mer deelweis als räich ugesi ginn. Mee et muss
een awer och kucken, wat een domadder ka kafen hei
zu Lëtzebuerg. Kuckt een, wou den Aarmutsrisiko hei zu
Lëtzebuerg läit, da kënnt ee mam Mindestloun net méi
aus.
An dat ass ee vun de Problemer. Wann dann de Staat
nach higeet an en hëlt deene Leit awer och nach Suen
iwwert d’Steieren ewech, dann hëllefe mer deenen
net. An et wär besser, mer géifen dat bei deene ganz
Groussen huelen, wéi virdru bei Amazon, an net do
op d’Geriicht goen, dass déi näischt bezuelen. An dofir awer dem Mindestlounempfänger seng puer Euro
loossen, fir iwwert d’Ronnen ze kommen.
Merci

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat