Dateschutz am Nationalarchiv

Historiker:innen, déi sech fir d’Geschicht vu Lëtzebuerg a sengen Awunner:innen interesséieren, kënne bei den Nationalarchiven eng Demande maachen, fir am Kader vun hirer Recherche Asiicht an nach net ëffentlech zougänglech Dokumenter ze kréien. D’Demande ka vum Direkter vum Nationalarchiv accordéiert ginn, wann d’Autorité versante hiren Accord gëtt a wann d’Asiicht keng “atteinte excessive à la vie privée de la personne concernée” mat sech bréngt, esou wéi et mam Gesetz vum 17. August 2018 iwwert den Archivage festgeschriwwe gouf. Kritt eng Persoun e Refus op esou eng Demande, da steet et hier op, dem Artikel 17 (7) entspriechend, de Conseil des Archives ze saiséieren, deen dann nach emol mat der Autorité versante a Kontakt trëtt.
Rezent soll et zu Fäll komm sinn, wou Persoune just partiell Zougang zu Dossiere kruten, obwuel d’Autorité versante den Accès net ofgeleent hat. Villméi hätt d’Nationalarchiv selwer decidéiert, d’Dokumenter just an anonymiséierter Form zougänglech ze maachen, obwuel keng “atteinte excessive à la vie privée de la personne concernée” virlouch. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi definéiert d’Nationalarchiv eng “atteinte excessive à la vie privée de la personne concernée”?

  2. Ass et richteg, dass d’Nationalarchiv an dësem Kontext decidéiert huet, Wëssenschaftler:innen insgesamt just nach Zougang zu anonymiséierte Quellen ze ginn, onofhängeg dovun, ob eng “atteinte excessive à la vie privée de la personne concernée” virläit oder net?
    Falls jo: Firwat gouf dës Entscheedung geholl?

  3. Gëtt et eng gesetzlech Basis dofir, dass d’Nationalarchiv onofhängeg vun der Autorité versante entscheet, ob a wéi Wëssenschaftler:innen Zougang zu Quelle kréien?

  4. D’Gesetz vum 17. August 2018 gesäit vir, dass Wëssenschaftler:inne bei engem Refus vun hirer Demande de Conseil des Archives kënne saiséieren, fir dass dëse mat der Autorité versante a Kontakt trëtt. U wie kënne sech Wëssenschaftler:inne wenden, wann de Refus awer net vun der Autorité versante, mee vum Nationalarchiv selwer koum?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren