Dateschutz Geriichtsbeschlëss

Oft ass et esou, dass eng Affär, trotz dass se um Geriicht jugéiert an entscheet gouf, fir d’Affer trotzdeem nach net fäerdeg ass, grad wann Harcèlement am Spill ass. Heiansdo kënnt et souguer vir, dass d’Beschlëss vum Riichter, doduerch, dass perséinlech Donnéeën enthale sinn, d’Affer a weider Problemer brénge kënnen.

An engem Fall vu psycheschem Harcèlement gëtt bei enger Decisioun vum zoustännege Riichter och eng Kopie vum Beschloss un déi betraffen Acteure geschéckt. Hei ass et esou, dass d’Adresse vun de Persounen Deel op dësem Beschloss dropstinn an domat och dem Täter zur Verfügung stinn. 

Een aneren, méi extreme Fall, fënnt een am Jugendschutzgesetz vum 10ten August 1992. Ee Kand gëtt am Prinzip vu senge biologeschen Eltere versuergt a groussgezunn. Leider existéieren an all Gesellschaft Fäll, wou een d’Kanner virun hire biologeschen Eltere schütze muss a wou et besser ass, dass d’Kanner net bei hiren Eltere liewen, grad wa Gewalt am Spill ass oder d’Kanner staark vernoléissegt ginn. An dësen Extremfäll ginn d’Kanner duerch ee Riichterbeschloss vum Jugendriichter, op Basis vum Jugendschutzgesetz, placéiert. An dësem Riichterbeschloss ginn opbauend um Jugendschutzgesetz d’Konditioune vum Placement festgeluecht. Eng Kopie vun dësem Beschloss, deen och d’Adress vun allen Acteuren enthält, gëtt och un d’biologesch Eltere geschéckt.
A béide Fäll entstinn doduerch potenziell Risiken. Eng Fleegefamill an d’Kand, dat geschützt soll ginn, zum Beispill, ginn duerch de Beschloss exposéiert, dass eventuell déi psychesch erkrankte biologesch Elteren hire Wunnuert matgedeelt kréien. Een Harcèlement-Affer gesäit seng perséinlech Adress un den Täter ausgeliwwert.
Grad wann et ëm de Schutz vun den Affer geet, stellen sech eiser Meenung no fundamental Froen, déi den Dateschutz an och de Schutz vun de betraffene Leit betreffen.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi eng Dispositiounen a Jurisprudenz (souwuel am Fall vum Droit penal als och bei Jugendschutzgesetz) geet d’Decisioun zeréck, déi d’Vermëttlung vu perséinlechen Adressen un all net-institutionell Acteuren noutwenneg mécht? 

  2. Ginn et Iwwerleeungen, wéi een eng beschriwwen Transmissioun vun den Adressen un net institutionell Acteuren evitéiere kéint?  

  3. Wéi eng Mesurë gi geholl oder zukünfteg envisagéiert, fir déi beschriwwenen, aus de Situatiounen entstoend Risiken ze minimiséieren an domat déi betraffe Leit ze schützen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 19

Zesummenhang posts

Fir eng rezent Etude vum European Monitoring Center for Drugs and Drug Addiction (EMCDDA) goufen Ofwaasseranalysen a Stied a ganz Europa an och ausserhalb
An der Äntwert op meng Fro n°387 huet d’Mobilitéitsministesch informéiert, dass d’CFL am Joer 2035 misste ronn 40% méi Leit astellen, fir d’Ziler vum
Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert. An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst