Cybersécherheet duerch chineesesch Autoen

Déi chineesesch Automobilindustrie ass weltwäit um Virmarsch, bedéngt an éischter Linn duerch Dumpingspräisser, déi et erlaben, dass d’Autoen zu niddrege Präisser um internationale Marché kënnen ugebuede ginn. 

Déi chineesesch Autoe sinn technologesch och um neiste Stand a mat präzise Sensoren a vernetzte Softwaresystemer equipéiert. Dëst erlaabt et de Gefierer, fir eng grouss Quantitéit u sensibelen Donnéeën ze sammelen, dorënner Bewegungsdaten, Standuertinformatiounen an Donnéeën iwwer d’Ëmgéigend.

Et wier naiv ze gleewen, dass dës Donnéeën just fir kommerziell Aktivitéiten oder de Service Après-vente géife genotzt ginn. Ee Bäitrag am Deutschlandfunk vum 23te Januar 2026 mécht op déi potenziell Risiken op d’Cybersécherheet an Europa opmierksam a warnt, datt Donnéeën theoretesch och fir Cyberugrëffer, Spionage oder am militäresche Kontext kënne genotzt ginn. Verschidde Länner hunn op dës Risike scho reagéiert. Sou ass et beispillsweis a Polen dem Verdeedegungsministère no verbueden, chineesesch Gefierer an der Géigend vu militäreschen Infrastrukturen ze benotzen oder ze parken. 

Mat enger zouhuelender Zuel u vernetzte Gefierer klëmmt och de Volumen u potenziell notzbaren Donnéeën. Wann een d’Donnéeë vun den Immatrikulatiounen zu Lëtzebuerg kuckt, stellt ee fest, datt aktuell iwwer 2.000 chineesesch Gefierer am Land immatrikuléiert sinn, mat enger Tendenz, déi an noer Zäit weider klamme kéint.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi schätzt d’Regierung déi potenziell Risike fir Dateschutz a Cybersécherheet am Zesummenhang mat der Notzung vu staark vernetzte Gefierer aus Drëttstaaten, notamment aus China, an?

  2. Ginn et zu Lëtzebuerg spezifesch Reegelen, Restriktiounen oder Recommandatioune fir d’Notzung vun sou Gefierer an der Géigend vu militäreschen, polizeilechen oder anere sensibelen Infrastrukturen, oder ass d’Regierung der Meenung, datt aktuell keen Handlungsbedarf besteet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3583

Bild gouf mat KI erstallt

Zesummenhang posts

Enn November gouf am Lycée de Garçons de Luxembourg eng “Konferenz” ofgehalen, déi vun enger Asbl organiséiert gouf an un där aktiv Politiker souwéi
Déi chineesesch Automobilindustrie ass weltwäit um Virmarsch, bedéngt an éischter Linn duerch Dumpingspräisser, déi et erlaben, dass d’Autoen zu niddrege Präisser um internationale Marché