Keen Credit Scoring an keng Schufa

Context:

Projet de loi n°8383 et n°8384

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • An hirem Budgetsrapport huet d’Madamm Rapportrice erkläert, datt si sech e Centre de crédit nom belsche Modell mat Upassungen un d’Lëtzebuerger Gesetzgebung wënscht ;

  • De System vum “Credit Scoring” gëtt et schonn a verschidden anere Länner, dorënner d’USA an Däitschland. An den USA ass dëse System staark ëmstridden. “A Long History of Discrimination Affects the Data That Credit Scoring Models Use Today” titelt zum Beispill d’Forbes Magazin wëll vill Leit aus Minoritéite “Credit invisible” sinn. Si hu kategoresch méi schlecht Scoren, well se historesch gesinn zum Beispill méi schwéier Accès zu enger eegener Wunneng haten (https://www.forbes.com/advisor/credit-cards/from-inherent-racial-bias-to-incorrect-data-the-problems-with-current-credit-scoring-models/ ). Och koum et schonn zu massiven Data Leaks an Amerika duerch esou Firmen (https://en.wikipedia.org/wiki/2017_Equifax_data_breach)  ;

  • Och an Däitschland ass d’Schufa staark ëmstridden, well d’Bierger:innen musse gefrot gi fir ze bezuele fir Informatiounen iwwert hir Donnéeën an hire Score ze kréien, d’Schufa Profit mécht ( ronn 250 Milliounen 2021 ) an et ëmmer erëm zu Feeler am System kënnt déi d’Leit zu Onrecht méi schlecht klasséiere (https://www.spiegel.de/wirtschaft/service/schufa-wie-ich-zum-deutlich-erhoehten-risiko-wurde-a-1193506.html ) ;
  • Lëtzebuerger Residente sinn duerch d’Bankgeheimnis geschützt sinn an och d’Budgetsrapportrice sot, datt d’Bankgeheimnis an den Dateschutz an dësem Fall misste respektéiert ginn ;

  • D’Beispiller am Ausland weisen, datt den Dateschutz bei esou risegen Datebanken déi duerch eng Centrale de crédit entstinn, net ginn ass ;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. Keen Credit Scoring a keng Centrale de crédit zu Lëtzebuerg anzeféieren ;

  2. Keng nei Datebank mat de Bankdonnéeë vun de Residenten opzebaue fir hir Kreditter transversal z’erfaassen ;

  3. Sech nach eng Kéier kloer zum Bankgeheimnis fir Residenten ze bekennen.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene