M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Madamm Finanzmi- nistesch ass op dëser Plaz de Moien op d’Zuelen aus dem Politmonitor agaangen, fir eis momentan Situa- tioun an e Kader ze setzen. Erlaabt mer also als Éischt, dat selwecht ze maachen, well mir liese se e bëssen anescht oder vläicht och aner Zuelen eraus.
37 % vun de Leit schätzen hir finanziell Situatioun haut méi schlecht a wéi nach am Mee. Dat ass méi wéi all Drëtten. 8 %, also bal all Zéngten, soe sou- guer, datt hir Situatioun sech däitlech verschlechtert hätt an deene leschte sechs Méint. Mee wat bean- drockend ass: 59 % hu finanziell Ängschten! An och hei ass den Taux an deene leschte sechs Méint ge- klommen.
Ech mengen, dat sinn Zuelen, déi mer eis sollten zu Häerz huelen, wa mer iwwert d’Situatioun hei am Land schwätzen. Dat sinn Zuelen, déi dëse Budget a säi Kader setzen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dëst ass also elo schonns déi fënneft Budgetsried, déi mir Piraten hei an der Chamber halen dierfen. Och dëst Joer soen ech als Alleréischt dem Rapporter Merci fir säin ausféierleche Rapport. Et ass sécherlech immens vill Aarbecht. An aleng schonn déi schier Unzuel un Entrevuen, déi en hat, fir de Rapport ze presentéie- ren, weist, datt e sech dat net einfach gemaach huet.
Et sinn awer elo fënnef Joer, an deene mir Piraten vill Wësse gewonnen hunn, fënnef Joer awer och, an deenen de Budget vill gewuess ass. 2018 ware mer bei 17 Milliarde Staatsbudget. Fir 2023 si 26 Milliarde virgesinn. Dat si bal 50 % Croissance a fënnef Joer.
Wéi ass dës Vergréisserung vum Staat ënnert de Re- gierunge Bëttel 1 an 2 de Leit dobaussen also zegutt- komm? Ass et de Leit wierklech gutt ergaangen, wéi et dem Staat gutt gaangen ass? Verschiddene Leit ass et gutt gaangen, jo, mee vill Leit stoussen all Mount ëmmer méi un hir Grenzen an d’Schéier tëscht aarm a räich geet ëmmer méi wäit auserneen.
Et kann een haut schwéier fiabel Prognose fir d’Joer 2023 maachen, well wéi wäert et herno wierklech ëm eise Chômage, eise PIB, d’Inflatioun an, jo, och eis Energieversuergung stoen? Et gëllt, virsiichteg ze sinn a gläichzäiteg déi steigend Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen.
Dëst sollt e Krisebudget sinn, mee deem Usproch gëtt en net gerecht. Mir maachen hei einfach keng cibléiert Politik! Zum Beispill duerch deen net cibléierte Gas- präisdeckel, vun deem een an enger Villa genausou profitéiert wéi een an engem Cafészëmmer. Esou ass et mat anere Mesuren, op déi ech elo hei an deenen nächsten 20 Minutte wäert ze schwätze kommen, well et gëtt héich Zäit fir eng méi cibléiert Politik!
Och mir Piraten widderhuele schonn zanter 2018, datt een dach hätt sollen, wéi et dem Land gutt goung, en Apel fir den Duuscht op d’Säit leeën. Dat ass awer net geschitt! Dofir huet sech säit 2017 eis Dette nominal verduebelt. Ech erënneren drun: De Staatsbudget huet sech just ëm 50 % erhéicht – d’Dette huet sech nominal verduebelt. D’Pro-Kapp-Verscholdung ass, in- flatiounsberengegt gekuckt, an deene leschte fënnef Joer dann ëm 49 % op ronn 25.200 Euro pro Persoun geklommen.
Duerch de Covid an elo och nach d’Energiekris kann eis relativ Verscholdung zum PIB, déi jo soss ëmmer
sou gär genannt gëtt, och nach ganz séier klammen, aleng duerch de Fakt, datt de PIB vläicht net esou séier wiisst, wéi ee sech dat erhofft hätt. An dat hu mer ëmmer gemengt, wa mer vun eisem Scholden- taux geschwat hunn. Dee relative Scholdentaux ass net deen, deen een absolutt kucke muss, well deen ass immens ofhängeg dovunner, wéi et der Gesamt- ekonomie geet, par konter d’absolutt Zuele schwät- zen och eng Geschicht fir sech.
Mir sinn och net averstane mat deene Prioritéiten, déi d’Regierung mam Pluriannuel setzt. De Budget fir Space-Projete soll an deenen nächste véier Joer ëm 88 % klammen. De Budget fir d’Santé nëmmen ëm 30 %. Dobäi misst jo awer jidderengem spéitstens zanter Covid-19 kloer sinn, datt mer ganz vill opze- huelen hunn – grad an eisem Gesondheetsberäich!
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, esou wéi ech elo d’Zuele presentéieren, mécht d’Regierung et natierlech net. D’Regierung schwätzt zum Beispill net dovunner, datt Gelder, déi all Joer sollten an d’staatlech Fongen, wéi zum Beispill de Klimafong, goen, nëmmen um Pabeier all Joer iwwerwise ginn. Wat vill Leit nämlech net wëssen: Déi Sue leien net op engem Kont, mee se sinn eng implizitt Schold, déi deStaatvis-à-visvundeeneFongenhuet.Wanneen d’Sue wierklech wéilt mobiliséieren, fir zum Beispill de Bau vu Solaranlage mam Klimafong ze fuerderen, misst een dës Suen dann awer erëm aus de Liquidi- téite fannen oder, wa se net do sinn, léine goen.
Mat dësem Budgetsgesetz gëtt d’Regierung sech dann och, wa mer beim Léine sinn, eng zousätzlech Marge de manoeuvre vu 6 Milliarden zousätzlecher Schold bis 2024. Mir Piraten sinn der Meenung, datt d’Regierung hei sollt dës Sue bei der Chamber froen, wann et esou wäit ass. Mir stellen hei net gäre Blan- koschecken aus.
Mir Piraten gleewen och net un déi 5,3 Milliarden TVA-Recettë fir 2023. Et steet eng Rezessioun virun der Dier. De Konsum wäert méiglecherweis erofgoen. Mir wëssen nach net wéi vill a fir wéi laang, mee mir fannen et farlässeg, hei mat engem Plus u Recetten ze rechnen, als hätte mer keng Rezessioun en vue. Mir hätten eis eng méi virsiichteg Approche ge- wënscht.
Dëse Budget bitt dann och keng Erklärungen op kuerz- a laangfristeg Suergen, déi mir als Verant- wortlech sollten ugoen. Eng dovunner ass a bleift de Pensiounsfong an d’Keese vun der Krankeverséche- rung. Der CNS ginn d’Suen aus, gradewéi och der Pensiounskeess.
Ech weess, dass dat heibanne kee ganz populäert Theema ass, an och net jiddereen heibanne perséin- lech nach betreffe wäert, mee gradesou e grousse jéngeren Deel vun eiser Gesellschaft ass vun där hei- ter Problematik betraff. A mir fannen et net fair, datt mer d’Problemer op déi Jonk verlageren. Ech hoffen, datt eng nächst Regierung hei méi Courage wäert weisen a sech dem luesen Ausbludde vun eise Keesen unhëlt.
Kuerzfristeg mécht eis Piraten déi méiglech drëtt In- dextranche am Hierscht/Wanter d’nächst Joer natier- lech och Suergen. An als Statec kann et gutt sinn, datt de Staat hei muss den Index fir d’Betriber bis zu véier Méint laang iwwerhuelen. Esou huet d’Regierung et festgehalen am Tripartite-Accord. An dat wär en enorme Käschtefacteur fir d’Staatskeesen.
D’Madamm Ministesch huet de Moien nach eng Kéier erkläert, firwat se déi net budgetiséiert huet, mee mir soen et nach ëmmer: Mir hätten eis u sech ge- wënscht, datt d’Betriber geziilt gehollef géife kréien. Nämlech: Déi Betriber, déi Problemer hunn, d’Index- tranchen ze stemmen, déi sollte prezis gehollef
kréien! Mee eise Staat sollt hei net schonn erëm mat der Géisskan all Betrib am Land indiscriminé hëllefen.
An onsécheren Zäite gëllt et, déi Schwächsten ofzesé- cheren, an net d’Tresorerie vum Staat ausbludden ze loossen. Mir Piraten sinn net d’accord, datt de Staat dës zousätzlech Indextranche komplett iwwerhëlt, och fir Betriber, déi Dividende kënnen ausschëdden.
Zum Theema vun der Presentatioun vum Budget dann nach eng lescht Remark. Nom Dossier Super- DrecksKëscht misst der Regierung u sech méi wéi jee kloer sinn, wéini ee Projeten duerch eng Loi spéciale hei an der Chamber stëmme muss loossen. De Ge- sondheetsministère – do si mer erëm bei der Santé – hat awer gemengt, e kéint Geld, dat ab nächstem Joer soll genotzt ginn, fir d’Permanencë vun den Dokteren ze bezuelen, einfach esou nach am Budgetsgesetz mat duerchmogelen.
Dëst ass e Feeler, deen engem Ministère net méi dierf geschéien – no der Affär SuperDrecksKëscht. Dat ass e Feeler, deen Zäit kascht. Zäit, déi am Gesondheets- secteur wierklech net méi do ass, wann ee bedenkt, datt d’Ettelbrécker Klinick riskéiert, Enn Mäerz ouni Kardiologen dozestoen.
Mir fuerderen d’Gesondheetsministesch dofir op, séier en neie Projet ze deposéieren, deen d’Krittäre vun der Loi spéciale erfëllt. Hei gëllt et, net nach wei- der Zäit ze verléieren, fir esou d’Klinicken ofzeséche- ren, fir datt net nach weider Dokteren hire Kittel un den Nol hänken.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir ha- ten d’lescht Joer wärend der Budgetsdebatt eng Mo- tioun agereecht, fir e Fonds de calamités anzesetzen. Dat ass eng Fuerderung, déi vun der Fondation IDEA an och der Cour des comptes ënnerstëtzt gëtt. Lëtze- buerg ënnerstëtzt jo och op internationalem Niveau d’Opstelle vun esou engem Fong, fir anere Länner ze hëllefen, déi ënnert de Konsequenze vum Klimawan- del leiden.
Eis Motioun deemools: ofgeleent! Mir hoffen dann, datt d’Motioun – déi mer de leschte Mount hei op en Neits agereecht hunn an déi et zwëschenzäitlech dann tatsächlech gepackt huet, fir bis an eng Kommissioun weiderverwisen ze ginn – dann och an där Kommis- sioun wäert behandelt ginn a spéider da kann ugeholl ginn, fir datt mer den Opbau vum Katastrophefong kënnen ee Joer méi spéit dann ufänken.
Zréck da bei d’Tripartite-Mesuren, déi e groussen Impakt op eise Budget hunn. Ganz vir, do ass natier- lech de Gaspräisdeckel. Et si Sensibiliséierungscam- pagnen, fir Energie ze spueren, lancéiert ginn. Kuerz drop koum dunn den Tripartite-Accord 2.0 an den allgemenge Gaspräisdeckel, vun deem all Haus, egal wéi grouss oder kleng, profitéiere kann.
Mir gesinn dës Géisskanepolitik nach ëmmer net an. Mir gesi se als Feeler, well se an eisen Aen net sozial selektiv ass. Et hëlleft net dem Schwächsten an dësen onsécheren Zäiten, et animéiert och net zum Spue- ren, wat awer nach ëmmer dréngend néideg ass, well dee richtege Wanter elo eréischt ufänkt. Hei misst d’Regierung eiser Meenung no also aner Weeër fan- nen, fir d’Leit elo nach zum Spueren ze motivéieren.
D’Regierung huet mam Gaspräisdeckel, wéi en aktuell steet, Gelder verbrannt, déi een hätt kënnen notzen, fir an dëse Krisenzäiten déi Schwächsten ofzeséche- ren. Do schwätze mir dann och vu 77 Millioune fir en Tankrabatt, géint dee mir Piraten vun Ufank u waren. Mir haten eis agesat fir ee Klimabonus no CO2-Ver- brauch respektiv een Energiegeld bis zu engem ge- wëssenen Akommes. Mee d’Regierung huet d’fossill Energië subventionéiert.
D’Regierung huet och selwer de Moment verpasst, fir
d’staatlech Gebaier méi klimafrëndlech ze maachen. Am Budget vum Educatiounsministère si fir d’nächst Joer 37,4 Millioune fir Hëtzes a Waasser virgesinn. 2022 ware mer nach bei 7,7 Milliounen. Dat ass e Plus vu ronn 480 %, léif Kolleeginnen a Kolleegen! Zënter 2016 sinn 2.250 Wunnunitéite vum Fonds du logement an der SNHBM gebaut ginn. Dovunner sinn 52,9 % mat Gasheizungen ekipéiert ginn. Zurzäit gi ronn 290 Gebaier mat Mazout gehëtzt; dat sinn nach weider 16 % vun de Gebaier vum Staat.
De Staat huet et hei also kloer verpasst, eng Virreider- roll anzehuelen. An de Präis, dee bezuele mir elo all. Well doduerch, datt mer elo Milliounen un Zousaz- käschte wéinst Gas a Mazout hunn, kënnen dës Gel- der net op anere Plazen agesat ginn. Dat zousätzlecht Geld, dat een elo beim Hëtze vun eisen administrative Gebaier notzt, hätt ee gutt kënnen a weider Hëllefe fir d’Leit an d’Betriber, fir datt och si sech kënnen op méi erneierbar Energien ëmstellen, investéieren.
An do si mer dann och bei mengem nächste Punkt. Am Budget ass keng Spuer vum Premier senger An- nonce wärend dem État de la nation. De Budgetsrap- porter hat dëse Projet och en Dënschdeg opgegraff, dattdeStaatgéifufänken,opdenDiechervundeLeit méi PV-Anlagen ze bauen. Mir Piraten begréissen déi Iddi voll a ganz, hate mer se dach schonn 2020 pre- sentéiert. Mee och mir sinn eis bewosst, datt esou Moossname vill Sue kaschten. Et ass awer keng Spuer dovunner am Budget 2023, an och net am Plurian- nuel bis 2026.
Waren dat also nëmmen eidel Wierder a Versprie- chen, déi duerch vill Widderhuelung op eemol wouer solle ginn? Well wat kascht der Regierung hire PV- Plang? Bis wéini soll e kommen? Majo, léif Kollee- ginnen a Kolleegen, all dat si Froen, déi net nëmme mir als Oppositioun eis stellen, mee déi och zum Beispill vun enger Chambre de Commerce opgeworf ginn. Ech géif mer vun der Finanzministesch oder dem Premier dozou Opklärung wënschen. Well 2023 kann dee Plang jo schonn emol net méi ulafen, well einfach kee Budgetsposte virgesinn ass. Also ass et no de Walen oder vläicht aux calendes grecques.
Wéi gesot, mir si fir esou en Ausbau vu Solaranlagen, mee et muss een awer och kloer als Regierung soen, wat ee sech virstellt, an net am État de la nation ein- fach Iddien an de Raum geheien an hoffen, datt keen den Text herno um Pabeier sicht.
Woumat mir Piraten net averstane sinn am Budget, ass dann och, datt d’Biodreifstoffer vun der CO2- Steier sollen ausgeholl ginn an datt d’Geld fir Pellets- hëllefe soll aus dem Klimafong kommen. D’Virstellung vum Bioethanol ass méi wéi contestéiert, well ee fir d’Hierstellung Planze wéi Raps, Soja oder och Palmue- leg a grousse Menge brauch. Et dauert, laut Äntwert vum Energieminister op eng vun eise QPen, nach bis 2030, bis den Undeel u Palmueleg op 0 % am Biodreif- stoff erogesat gëtt. Dat war iwwregens d’parlamen- taresch Fro 3593, falls een dat wéilt noliesen.
Mir fannen, et ass 2023 also definitiv net den Zäit- punkt, och nach d’Dreifstoffer mat Palmueleg vun der CO2-Steier auszehuelen. Dat ass Greenwashing an och e bëssen hypokritesch, wann d’Regierung op där enger Säit sech, zu Recht, géint eng Taxo- nomie vu Gas an Atom stellt, an op där anerer Säit d’Biodreifstoffer mat Palmueleg subventionéiert.
Här President, alles an allem kann ee beim Theema Ëmwelt an Energie soen, datt mer zu Lëtzebuerg bei Wäitem net genuch maachen. Mir wäerten dann och zäitno un d’Grenze vun eiser Subventiounspo- litik stoussen. Mat Subventiounen eleng komme mer beim nohaltege Bauen oder der Fotovoltaik
geschwënn net méi weider. Et feelt Main d’oeuvre. Et feelt Invest vun de Leit, fir d’Haiser ëmzestellen an/ oder Fotovoltaik ze installéieren.
Dofir muss d’Handwierk gestäerkt ginn. Dofir musse Projete wéi de Fotovoltaikausbau ëmgesat ginn. Et gëllt hei also, net nëmmen un der Subventiouns- schrauf ze dréien, fir eis Klimaziler ze erreechen, et gëllt, d’Energietransitioun als Grousst a Ganzt an alle Ministèren no vir ze dreiwen! Eppes, wat bei dësem Budget kloer feelt. Ech erënneren: 480 % Croissance fir Hëtzes a Waasser beim Educatiounsministère.
Vun engem Punkt, wou mir Piraten eis also vill méi erwaart hätten, da bei en Theema dat d’Lëtzebuerger am Moment beschäftegt wéi keen anert. Och do kéint ech elo d’Zuelen aus dem Politmonitor zitéieren. Dir denkt Iech et all: Et ass de Logement.
Beim Theema Logement kann ee soen, datt d’Regie- rung hei erëm e puer Mesurë virstellt, deenen hir Effekter mir awer eréischt a Jore respektiv Joerzéngte gesinn. Respektiv wou mer elo scho wëssen, datt et net duergeet, fir d’Logementskris ze stoppen.
Mir gesinn dës weider Verännerung vum Amortisse- ment accéléré zum Beispill, deen elo just nach zweemol am Liewe soll gräifen, als eng ganz interes- sant Iddi, mee an eisen Ae misst den Amortissement accéléré esou genotzt ginn, datt d’Gesellschaft am Ganzen eppes dovunner huet, an net nëmmen den Individuum. Ëmmerhi kascht dës Steierentlaaschtung de Staat alljoers vill Geld. Fir eis muss dësen Outil do- fir gräifen, virun allem, fir energeetesch Renovatiou- nen ze finanzéieren, well jidderee vun eis profitéiert vum agespuerten CO2.
Mir haten hei am Oktober zwou Motiounen depo- séiert: eng Kéier, fir den Undeel un Zënsen ze verdue- belen, déi ee bei sengem Prêt fir säin eegent Doheem kann ofsetzen; eng Kéier, fir de Locatairë steierlech Entlaaschtungen zoukommen ze loossen. Béid Mo- tioune goufen ofgeleent. Mir kënnen net riskéieren, datt ee säin Doheem verléiert, well een duerch déi nei Zënsbelaaschtunge säi Prêt net méi ka bezuelen. Dat wier e Versoe vun eiser Logementspolitik.
A wa mer da scho bei den Entlaaschtunge fir eis Contribuabel, also fir all eis Biergerinnen a Bierger, sinn, da misst ee sech och eng Kéier d’Fro stellen, ob déi Plaffongen, déi mer iwwerall ageschriwwen hunn – fir Assurancen ofzesetzen, fir Pensiounspläng ofzesetzen –, net och mat der Zäit misste goen an zu engem Deel missten un d’Inflatioun ugepasst ginn. Well d’Inflatioun an d’Zënslaascht klamme virun, och wann d’Regierung bis elo näischt dergéint mécht.
Déi 14 Milliounen, déi de Staat all Joer u Subvention loyer als Hëllef gëtt, ginn net duer! Déi 20 Milliounen aus dem Fong, fir Terrainen ze kafen, fir 2023 ginn net duer! Dat wieren an der Stad bei engem Präis, dee mëttlerweil bei d’hallef Millioun pro Ar schonn heiansdo geet, wären dat nach 40 Ar – soe mer, et ass och nach d’Hallschent: Da sinn et 80 Ar. Mir wëssen alleguer, wat d’Densitéite sinn, déi an de PAGe virgesi sinn. Domadder baue mer dann e puer, zwou, dräi Dose Wunnunitéiten, wann et gutt geet. A mir hunn 20 Millioune virgesinn. Dat geet net duer!
Et ass och guer net ersiichtlech, wat mat deem ganze Bauland gemaach gëtt, dat haut schonn an der ëffentlecher Hand ass. Wéi vill Wunnenge goufen an deene leschte Jore fäerdeggestallt? Äntwerten op Froe vun eiser Säit ginn zënter Jore mat engem „Dat gesi mer spéider“ beäntwert. Jo, de Budget vum Logementsminister, dee virdrun hei war, ass an deene leschte Jore geklommen, mee et dauert ein- fach ze laang. De Premier huet d’lescht Joer am Okto- ber eng Leerstands- an eng Grondsteier ugekënnegt, déi alle béid dem Problem sollten op den Zant fillen.
Et huet zwielef Méint gedauert, bis endlech eppes komm ass. Et wäert awer nach Joren daueren, bis se ëmgesat sinn a bis se dann och tatsächlech gräifen. D’Regierung an d’Chamber fueren hei also an engem Schleekentempo!
Dat muss sech änneren, well dëse Wunnmarché ass fir vill Leit hei am Land net méi ze bezuelen. Eis Mat- biergerinnen a Matbierger, déi mat eis zesummen hei opgewuess sinn, mat eis an d’Schoul gaange sinn a sech an de Veräiner an hirer Uertschaft abruecht hunn, verloossen hiert Land. Se mussen et verloos- sen, aus finanzielle Grënn. Dat ass d’Realitéit. An déi Realitéit musse mer änneren!
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, e wei- dert Theema, zu deem mir Piraten eis am Kader vun dëser Budgetsdebatt wëlle positionéieren, ass eis Bildungs- a Sozialpolitik. An onsécheren Zäite gëllt et, déi Schwächsten ofzesécheren. Dat ass de Slogan, ën- nert deem an eisen Aen hätt missen de Budget aus- geschafft ginn. Dëse Budget mécht an dësem Aspekt awer vill ze wéineg.
Mir stëmmen der Chambre des Salariés zou, wa se seet, datt dëse Budget keng sozial Ziler huet. A wann dann e puer kleng Mesurë kommen, da sinn dat Plooschteren op d’Schosswonnen. Ee Beispill ass d’Personal bei den Office-sociallen. Dëst soll opge- stockt ginn, awer nëmme kuerzfristeg. Mir Piraten sinn awer der Meenung, datt hei laangfristeg misst ausgebaut ginn. D’Politik vun dëser Regierung wäert d’Schéier tëscht Aarm a Räich weider auserneendrei- wen. Dofir ass haut scho kloer, datt eis Sozialämter musse laangfristeg besser opgestallt ginn an datt nach méi Leit iwwer hir Offere mussen opgekläert ginn. Idealerweis bräichte mer se net, mee dat géif eng komplett aner Budgetspolitik verlaangen.
Et sinn dann och keng Hëllefe fir ONGe virgesinn, déi Mënscherechter hei am Land virundreiwen a schüt- zen. Mir all heibannen hu matkritt – an d’Madamm Nathalie Oberweis huet et virdru gesot –, datt am Summer d’Organisatioun Passerell virum Aus stoung, well net genuch Finanzement vun ëffentlecher Säit koum. Mir Piraten, gradewéi déi 30 Leit an den Orga- nisatiounen, déi kuerz drop dowéinst e Bréif un d’Re- gierungsmemberen adresséiert hunn, fannen, datt an eisem Budget, an eisem Land muss Plaz fir esou Organisatioune sinn. A wann déi Plaz nach net do ass, da muss déi Plaz gemaach ginn.
Rechtsstaatlechkeet a Mënscherechter brauchen och zu Lëtzebuerg e staarke Verfechter. Och hei brauche Leit Support, deen de Staat net liwwere kann oder wëll. Wou de Staat awer dofir suerge kann, ass, datt déi Leit, déi dat haut scho maachen, hir Aarbecht kënne weiderféieren.
Dofir reeche mer heimat eng Motioun an, fir e Fong opzestellen, mat deem d’Organisatiounen, déi fir Mën- scherechter a Rechtsstaatlechkeet kämpfen, kéinten ënnerstëtzt ginn. Här President.
Motion 7
D’Chamber vun den Deputéierten
stellt fest,
– dass d’EUKommissioun an hirem „2022 Rule of Law Re– port“ Lëtzebuerg oprifft, fir „continue with the process to adopt the reform on making legal aid more accessible“;
– dass d’Recht op eng Assistance judiciaire mam Projet de loi N° 7859 soll reforméiert ginn, dëse Projet sech awer net op de Schutz vu Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet am Allgemenge fokusséiert;
– dass Passerell ouni privat Ënnerstëtzung hätt am Sum- mer dëst Joer seng Aktivitéite misse komplett astellen. D’Organisatioun huet awer trotz privaten an ëffentlechen Hëllefe missen hir Aktivitéite staark reduzéieren;
– dass 20 Organisatiounen an eng Rei aner Acteuren den
3. August e Bréif un d’Regierung adresséiert hunn, fir méi ëffentlech Ënnerstëtzung fir ONGen am Beräich vun de Mënscherechter.
Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéier– ten d’Regierung,
– e Fonds de subside opzestelle fir ASBLen am Beräich Rechtsstaatlechkeet a Mënscherechter.
(s.) Sven Clement.
M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance | Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | E weidere Punkt, wou net genuch un déi Schwächsten aus eisem Land ge- duecht ginn ass, ass beim Steierkreditt fir Alengerzéi- ender. Mir Piraten haten eng Motioun agereecht, fir datt en Automatismus soll ausgeschafft gi beim CIM. Dës Motioun war am Oktober ofgeleent ginn. Dobäi huet se just gefuerdert, datt ee soll préiwen, wéi dat méiglech wär. Mee scheinbar war schonn ze préiwen, wéi dat méiglech wär, der Regierung ze vill, well aus Regierungskreesser huet een héieren, dat wär e ge- wolltenen Déchet fiscal.
De CIM geet awer an dëser Form net duer. An et si vill ze vill Leit, déi en net op der Steiererklärung ufroen. Jo, also schéngt d’Zil vun der Regierung ze fonctio- néieren. Nëmmen en Ëmklasséieren an d’Steierklass 2 géif wierklech Gerechtegkeet bréngen.
Wa mer vu Gerechtegkeet schwätzen, da gehéiert e faire Loun fir eis Piraten do derzou. Eise Mindestloun misst dofir an eisen Ae steierlech entlaascht ginn, fir de Risiko vun de Working Poor esou kleng wéi méig- lech ze halen.
D’Regierung huet an deene leschte Méint d’Erhéijung vum Mindestloun jo gär als en Effort vun hirer Säit duergestallt. Dat ass awer net esou. Éischtens gëtt de Mindestloun, déi 3,3 %, net vun der Regierung bezuelt, mee vun de Patronen. An zweetens war déi Erhéijung souwisou gesetzlech virgesinn.
(Interruption par M. Gilles Baum)
Ben, et ass gutt, datt dës Regierung sech heiansdo un d’Gesetzer hält, déi se selwer gestëmmt huet, Här Baum!
(Exclamations)
Här President, ech wëll awer d’Theema Sozialpolitik net op deem negative Punkt ophalen, mir Piraten ge- sinn nämlech och e puer positiv Aspekter. Een dovun ass sécherlech de Congé de paternité fir Independant- en a gläichgeschlechtlech Koppelen, deen zwar net perfekt, mee e Schrëtt an déi richteg Richtung ass. Mir hätten eis hei gewënscht, datt een den Indepen- danten déi selwecht Flexibilitéit araumt wéi den Aar- bechterinnen an Aarbechter an alle Salariéen. Mee et ass emol en Ufank.
Gutt ass och, datt méi Budget fir 2023 fir d’Éducation non formelle virgesinn ass. Eis Bildung muss och a Krisenzäiten op stabille Bee stoen, well och hei gëllt et, déi Schwächst ofzesécheren.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kommen zum Schluss. Mir Piraten hätten eis wéi ëm- mer méi vum Budget erhofft a mir si wéi d’lescht Joer och enttäuscht iwwert déi wéineg Akzenter, déi hei- mat gesat goufen. D’Logements-, d’Energie- an d’Kli- makris sinn Theemen, déi eist Land an d’Bevëlkerung am meeschte beschäftegen. Leider gëtt dëse Budget keng Léisunge fir dës Krise vir. Et gëtt weider mat der Géisskan iwwert d’Land geschott, obwuel d’Regie- rung selwer seet, datt 2022 an 2023 Krisejore wären.
Mir hätten eis dofir a ville Punkte méi cibléiert Hëllefe gewënscht, méi sozial Mesuren, déi déi Schwächst an eiser Gesellschaft an dësen Zäite schützen, déi Aleng- erzéiend, d’Kanner, d’Leit, déi ënner oder un der Aarmutsgrenz liewen an net wëssen, wéi se mat den héijen Energiepräisser nach sollen iwwert d’Ronne
kommen. Dat gouf mat dësem Budget net gemaach. Dat hätt an eisen Aen awer missen de Kär vun dësem Budget sinn!
An och e groussen Deel vun der Mëttelschicht, do- rënner vill jonk Mënschen, déi duerch d’Wunnengs- kris ëmmer méi Suen opbrénge mussen, fir nach hei am Land liewen ze kënnen, kommen net gutt ewech. Mir hätten eis och eng méi éierlech Presentatioun gewënscht. Ech sot et virdrun: Mir gleewen net u 5,3 Milliarde Recetten aus der TVA fir 2023 a mir gleewen och net drun, datt all d’Annoncen, déi de Premier hei gemaach huet, wéi zum Beispill d’Fotovoltaikprojet- en, dann och nach ëmgesat ginn, well mer net wës- sen, wou déi am Budget erëmzefanne sinn.
D’Madamm Finanzministesch huet gesot, si géif kee finanzpoliteschen Harakiri maachen. Do ginn ech hir Recht, dat wär e ganz violenten Doud. Dat heiten ass éischter e luest Ausbluddeloosse vun eise Staatskee- sen.
Dofir wäerte mir Piraten dëse Budget net matstëm- men, net, well alles schlecht ass, wat drasteet, mee well mir aner Prioritéiten hätte wëlle gesinn. Mir hof- fen, datt eng nächst Regierung méi Courage weist a méi cibléiert schafft.