Ausbau vum Netz u Luetstatiounen

Déi heite Regierung huet am Koalitiounsaccord ugekënnegt, fir de Bau vun ëffentleche Luetstatiounen
“de manière ciblée” auszebauen. Genee Zuelen sinn awer am Koalitiounsaccord keng genannt.
An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  1. Wéi vill ëffentlech Luetstatioune ginn et, Stand Dezember, 2023 zu Lëtzebuerg?
  2. Wéi vill Luetstatioune goufen insgesamt zu Lëtzebuerg installéiert?
  3. Wéi vill Schnelluedestatiounen (opgelëscht no Leeschtung) existéieren zu Lëtzebuerg, Stand
    Dezember 2023?
  4. Wéi een Zil huet d’Regierung sech fir de Bau vun neie Luetstatioune gesat?
    Wéi vill ëffentlech Luetstatioune solle bis 2028 gebaut ginn?
    Wéi vill Schnellluedestatiounen (opgelëscht no Leeschtung) solle bis 2028 gebaut ginn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt