Aktuali- téitsstonn iwwert d’Politique luxembourgeoise de protection internationale

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Asyl ass fir eis Piraten e Mënscherecht. Et ass d’Recht vun all Mënsch, eng Demande op Asyl ze stellen. Dat heescht net, dass all Demande muss accordéiert ginn, mee dass all Mënsch e Recht drop huet, eng De- mande ze stellen.

Wat ech elo hei soen, kléngt ganz banal. Et ass awer leider a ville Länner haut net méi d’Realitéit um Ter- rain. Mir hunn hei an der Chamber schonn d’illegal Pushbacks kritiséiert. Mir hunn esou Praktiken och zesummen an enger Motioun verurteelt, an awer ginn d’Genfer Flüchtlingskonventioun an d’UN-Kan- nerrechtskonventioun net iwwerall, an och net iw- werall an der EU, respektéiert. Lëtzebuerg huet sech ëmmer solidaresch gewisen a mir hu ville Mënschen hei e Liewen erméiglecht. Mir sinn awer och bei Wäi- tem nach net perfekt.

D’Reklamatiounen, déi Organisatioune wéi LUkraine an d’Mënschen aus der Ukrain hei zu Lëtzebuerg an de leschte Méint geäussert hunn, si keng nei. DPIen, déi virdrun aus Afrika oder anere Länner wéi Afgha- nistan oder Syrien op Lëtzebuerg geflücht sinn, hu scho virdrun op genau déi selwecht Mëssstänn hige- wisen.

Eis Foyere kënnen net ëmmer e Liewen an Dignitéit erméiglechen. Dat huet och de Rapport vum OKaJu nach eng Kéier ënnerstrach a gewisen: Wéi schwiereg den Alldag grad fir Kanner an hir Famillje ka sinn.

D’Haaptproblemer sinn: feelend Personal; feelend Infrastrukturen an de Gebaier, sief dat sanitär Infra- strukturen, Spillsäll fir déi Kleng an och eng Kichen; feelend Recht vun de Leit, bei der Gestioun vun de Foyere matzehëllefen oder matzegestalten; laang De- laien, wann een eng Demande stellt; Demanden, déi zwar refuséiert ginn, wou d’Leit hei toleréiert ginn, sech awer kee Liewen hei kënnen opbauen a souze- soen an engem Vide liewen.

Ech war enttäuscht, souguer schockéiert, vun de Biller am Rapport, wéi d’Regierung dës Leit ënner- bruecht huet. Trotzdeem si mir eis ganz bewosst, dass den ONA hei all Hiewelen a Beweegung setzt, fir Bet- ter a Gebaier ze fannen. Mee et muss eis kloer sinn, dass een Assistant social oder een Educateur op 100 Leit an den temporären Ënnerkonfte vum ONA bei Wäitem net duergeet. Leit, déi viru Krich an Doud op Lëtzebuerg flüchten, musse professionell Hëllef kréien. Si musse sech kënnen en Alldag opbauen.

Den OKaJu huet och a sengem Rapport stoe gehat: Zitater vu Familljen, wou d’Koppele gären an engem Bett schlofe wéilten, dat awer net dierfen, wou se keng Méiglechkeet hunn, fir dat Iessen ze kachen, wat se vun doheem aus kennen, Leit, déi och gäre géifen direkt schaffen an deenen d’Zäit am Foyer all Dag ze laang gëtt, déi awer nach musse waarden, ob si dierfen zu Lëtzebuerg bleiwen, ob si dierfen enger Aarbecht nogoen.

All dës Problemer bauen Tensiounen op tëscht de Bewunner, wouduerch et méi schnell zu Konflikter kënnt, einfach well ze vill Leit op engem ze vill enke Raum mat ze wéineg Alldagsbeschäftegunge liewe mussen.

Här President, fir eis Piraten brauch et méi kleng Foyeren, wou sech och méi individuell ëm d’Leit ka gekëmmert ginn, an eng Opstockung vum Personal.

Mir fuerderen dowéinst: e Personalschlëssel, wou op zéng Kanner an de Foyere mindestens ee Mataar- bechter muss kommen, esou wéi et och an de Crè- chen oder an anere Betreiungsstrukturen haut schonn de Fall ass; e Personalschlëssel, wou op 30 DPIen a BPIen een Educateur soll kommen; e Perso- nalschlëssel, wou op zéng Familljen een Assistant so- cial soll kommen.

Mir fuerderen och méi liewenswäert Foyeren, wou d’Leit selwer hiert Liewe kënne gestalten a wou sech och d’DPIe kënnen eng Aarbecht sichen a se enger Aarbecht kënnen nogoen. Esou kéinten déi Leit sech e Liewen hei am Land opbauen, wa se dierfe bleiwen, a si missten net de ganzen Dag am Foyer sinn, wat do och erëm d’Strukturen an d’Mataarbechter ent- laascht.

A merci dem Marc Spautz fir d’Ufroe vun dëser Heure d’actualité. Merci.

Zesummenhang posts

Duerch de Klimawandel wäerten d’Waasser an Europa, an och zu Lëtzebuerg, ëmmer méi knapp ginn. An enger rezenter Etüd mécht den European Parliamentary Research
Zu Lëtzebuerg reegelt ee groussherzoglecht Reglement vum 16te November 2018 baséierend um Déireschutzgesetz, wéi eng Déieren een als Hausdéier halen dierf. Op der Lëscht
D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun