Affär Pascal Ricquier

De Minister Kox huet den 18ten Oktober, an der éischter Heure des questions an der Chamber, gesot, him wär zu Ouere komm, dass de Pascal Ricquier sech angeblech géif an enger Partei engagéieren. Dës Ausso gouf vun de Medien opgegraff a kuerz duerno publizéiert. E puer Deeg méi spéit hunn d’Medie gemellt, dass et sech heibäi géif ëm eng Falschinformatioun handelen an och de Pascal Ricquier selwer huet dës Behaaptung antëscht als falsch dementéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Huet de Minister wëlles, sech beim Pascal Ricquier fir dës falsch an usech diskreditéieren Ënnerstellungen ze entschëllegen? Wa nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7164

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt