Accord mam Consistoire israélite

Published by Piraten on

De 27. Januar 2021 huet de Staat mam Consistoire israélite de Luxembourg en Accord ënnerschriwwen, dee sämtlech Froe beäntwere soll, déi sech nach am Kontext vun den net geléiste Problemer mat den Holocaust-Verméigenswäerter (« Oustanding Holocaust Asset Issues »), allgemeng, a mat der Spoliatioun vu jüddeschem Besëtz wärend der Shoah, am besonneschen, stellen. 

Dëst Dokument, dat och nach vun der Weltorganisatioun fir jüddesch Entschiedegung (« World Jewish Restitution Organization ») an der Lëtzebuergescher Stëftung fir d’Erënnerung un d’Shoah mat ënnerschriwwe gouf, geet vun enger kollektiver a globaler Indemnisatioun aus, a gesäit fir, datt an Zukunft keng zousätzlech Entschiedegungsfuerderungen an -usprëch méi ugemellt däerfe ginn.    

Den Accord gesäit eng ganz Rei vu Moossname fir:
Déi Iwwerliewend, egal op se zu Lëtzebuerg oder am Ausland liewen, an och déi, déi deemools zu Lëtzebuerg gelieft hunn, sollen eng forfaitaire Hëllef vun enger Millioun Euro kréien. D’Stëftung fir d’Erënnerung un d’Shoah soll wärend 30 Joer all Joer 120.000 Euro kréien, eng Persoun soll fir d’Generalsekretariat zur Verfügung gestallt ginn, d’Statute sollen iwwerschafft an ergänzt ginn, grad wéi och de Verwaltungsrot, deen zwee nei Membere kréie soll, vun deenen ee vum Staatsminister erausgesicht soll ginn. De Staat soll d’Klouschter vu Cinqfontaines kafen a renovéieren an doraus en edukativ-kommemorativen Zentrum maachen, woubäi och d’Exploitatiounskäschten iwwerholl solle ginn. De Kommitee fir d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich soll wärend 10 Joer, 65.000 Euro pro Joer kréien. Bis 2025 sollen zwou Milliounen Euro an d’Recherche iwwert den Zweete Weltkrich an d’Shoah fléissen. Schliisslech soll eng national Strategie géint den Antisemitismus an eiser Gesellschaft ausgeschafft ginn a verschidden Aarbechtsgruppe sollen sech mat Aspekter wéi rouend Bankkonten, onbezuelten Assurancen a beschlagnaamter Konscht beschäftegen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet de Staat fir d’Verhandlung an d’Ënnerzeechnung vun dësen Accord just de Consistoire israélite de Luxembourg zeréckbehal? Déi jüddesch Glaubensgemeinschaft ass jo dat eent, dat jüddescht Vollek dat anert.

  2. Wéi ass de Consistoire un d’Mandat komm, fir dësen Accord aushandelen ze kënnen? Ass ni dru geduecht ginn, de Krees vun den interesséierten Uspriechpartner méi grouss ze maachen? 

  3. Gesäit d’Regierung net och d’Gefor, datt et eng ganz Rei vu jüddesche Biergerinnen a Bierger zu Lëtzebuerg an am Ausland, sech duerch dësen Accord weder vertrueden nach gebonne fillen? 

  4. Laut dem Accord solle jo verschidde méi kleng an och méi grouss Geldzomme fléissen, zum Beispill un déi Iwwerliewend vun der Shoah. Een Aspekt, deen ausgeklammert gouf, ass dee vum Patrimoine immobilier a mobilier deen deemools onrechtméisseg beschlagnaamt gouf. Mir denken hei un Haiser, Biller, Bijouen an aner Wäertsaachen. Wat soll domat geschéien? Wat ass virgesinn, fir och an dësem Beräich zumindest ze versichen, eng gewësse Gerechtegkeet hierzestellen?   

  5. D’Stëftung fir d’Erënnerung un d’Shoah soll duerch eng järlech Dotatioun an och soss nach ënnert d’Äerm gegraff kréien. Et gëtt Stëmmen déi soen, d’Gestioun vun dëser Stëftung wier net esou transparent, wéi se am Fong misst sinn. D’Statute solle jo ugepasst ginn, soll d’Weiderentwécklung och a Richtung méi Transparenz goen?

  6. Ass de Fait, datt den Accord eng Erweiderung vum Verwaltungsrot virgesäit, a sech och schonn iwwert de Profil vun den nei Membere prononcéiert, kompatibel mam aktuelle Veräins- a Stëftungsrecht? Sinn net eleng de Verwaltungsrot an d’Generalversammlung vun der Stëftung fir dës Froen zoustänneg?

  7. D’Fro vun de rouende Bankkonte konnt anscheinend méi wéi 75 Joer no dem Ënn vum Zweete Weltkrich nach ëmmer net zefriddestellend geléist ginn. D’Banke waarden op eng Léisung, mee déi misst Prinzippie wéi “Know Your Customer (KYC)“, “Anti-Money Laundering (AML)” a “Counter Terrorist Financing (CTF)”, gerecht ginn.
    Kéint een net eng Stëftung an d’Liewe ruffe fir hei Ofhëllef ze schafen?

  8. Vill Proprietäre sinn net méi do, mee hier Kanner a Enkelkanner hunn och d’Recht, gehéiert ze ginn, egal op se Member oder net Member vum Consistoire sinn.
    Wat fir e Stellewäert hunn d’Ierwen am Kader vun dësem Accord? 

  9. Wéi gëtt séchergestallt, datt och déi Iwwerliewend am an aus dem Ausland un hiert Recht komme kënnen?

Fro 3941 – Verlaf an der Chamber


0 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.