FRO.LU: feelend Indexéierung bei de Geldleeschtunge fir Aidants informels

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An der Äntwert op d’Fro 3054 huet d’Regierung confirméiert, datt de reale Wäert vun de Geldleeschtunge fir Aidants informels zanter 2018 ëm 15,9% gesonk ass. Am selwechten Zäitraum ass d’Zuel vun de Leit, déi exklusiv vun engem Aidant informel betreit ginn, ëm 51% agebrach. Dës zwee Fakten zesumme weisen eng kloer Tendenz: D’familiär Fleeg doheem gëtt finanziell ëmmer méi onattraktiv, well d’Leeschtunge mat de reelle Käschten net Schratt halen. Dobäi kënnt, datt Lëtzebuerg – wou d’Liewenskäschte laut Eurostat (2024) 33% iwwer dem EU-Duerchschnëtt leien a sech ënner den dräi deierste Länner an der EU befënnt – Geldleeschtungen ubitt, déi nominal mat deene vu Länner wéi Däitschland (max. 947 EUR/Mount) vergläichbar sinn, a real, wéinst der feelender Indexéierung, weider zréckfalen. Et existéiert am selwechte Gesetz schonn e Mechanismus fir d’Upassung vun de Sachleeschtungen un d’Käschtenentwécklung (Art. 353). Datt dëse Mechanismus net op d’Geldleeschtunge vum Aidant ugewant gëtt, ass keng technesch Onméiglechkeet, mee eng politesch Wiel.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi justifiéiert d’Ministesch, datt d’Geldleeschtunge fir Aidants informels zanter 2018 keng real Upassung un de Käschten- an Inflatiounstaux kruten, wärend d’Sachleeschtunge fir professionell Déngschtleeschter reegelméisseg ugepasst ginn?

  2. Kann d’Ministesch eng detailléiert Berechnung virleeën, déi beweist, datt d’Net-Indexéierung budgetär sënnvoll ass – besonnesch am Hibléck op d’Tatsaach, datt all Persoun, déi wéinst finanzieller Nout vum familiären Aidant an e professionelle Service wiesselt, d’Fleegeversécherung e Villfacht méi kascht?

  3. Wéi rechtfäerdegt d’Regierung de Vertrauensbroch vis-à-vis vun de Familljen, déi hir Versuergung doheem op Basis vun de gesetzleche Versprieche vun 2018 opgebaut hunn?

  4. Ass d’Ministesch bereet, en obligatoresche Mechanismus anzeféieren, deen d’Geldleeschtunge fir Aidants informels un d’Entwécklung vun de Liewenskäschten an d’Inflatioun bënnt?

Fro n°4029

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4029

Zesummenhang posts