Ginn d’Nutria (Biber) doud gemaach?

Virun Joerzéngte gouf zu Lëtzebuerg eng Zort Biber mam Numm Nutria importéiert, deen zënterhier Deel vun eiser Ëmwelt ass. An engem Wort-Artikel vum 10te September 2025 ass Follgendes ze liesen: “Am Haff Réimech und anderen Orten geht die ANF gegen die Nutrias vor, indem sie einzelne Tiere einfängt. Dass sich dadurch die Kolonisierung des Landes stoppen lässt, denkt Laurent Schley nicht. „Die Nutrias kriegt man nicht gestoppt. Wir können bestenfalls ihre Ausbreitung bremsen.“   

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ginn d’Nutria vun der ANF agefaangen?

  2. Wat gëtt mat de Nutria, déi vun der ANF agefaange ginn, gemaach? Ginn dës Déieren dout gemaach?

  3. Wéi vill Nutria huet d’ANF an de leschte Joren agefaangen?

  4. Wéi vill Nutria huet d’ANF an de leschte Joren dout gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3974

Zesummenhang posts