Sécherheetsfirma CFL

D’lescht Joer hat d’Sécherheetsfirma Protection Unit hir Aktivitéiten zu Lëtzebuerg iwwerraschend agestallt, wouduerch, ënnert anerem, d’Sécherheetspersonal bei den CFL direkt betraff war, obwuel nach kuerz virdrun – am Februar – en neie Kontrakt opgestallt gouf. An dësem Kontext hat ech schonn a menger parlamentarescher Fro n°1906 op dës Problematik higewisen.
Zënter dem Summer 2025 gëtt de Gardiennage bei den CFL vun der Firma Brinks duerchgefouert, woubäi d’Personal zum Deel vu Protection Unit iwwerholl gouf. No mengen Informatiounen besteht beim Personal no dësem Iwwergang, och no méi wéi engem Joer, eng grouss Ongewëssheet, besonnesch wat d’Aarbechtsstabilitéit an déi perséinlech Zukunftsperspektiven ugeet.
Am Kontext vu rezente Gewaltvirfäll am ëffentlechen Transport ass et wichteg, datt d’Sécherheetsleit, déi alldeeglech fir d’Sécherheet vu Passagéier an CFL-Personal schaffen, eng Gewëssheet fir hir Zukunft kréien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Sécherheetsagent:innen vu Protection Unit goufe virun der Iwwernam duerch Brinks fir d’CFL agesat?

  2. Wéi vill Leit goufe vu Brinks iwwerholl a wéi vill kruten een CDI a Vollzäit? 

  3. Wéi vill Persoune goufen net zu de viregte Bedingungen iwwerholl, a wat waren d’Grënn?

  4. Wéi hunn sech zënter der Iwwernam duerch Brinks d’Iwwerstonnen, d’Krankeschäiner, den Absenteismus an d’Personalfluktuatioun am Gardiennage entwéckelt?

  5. Wier et rechtlech méiglech, datt d’CFL direkt Sécherheetsleit ënnert eegenen CFL-Konditiounen astellen, an net iwwer eng extern Sécherheetsfirma? Falls jo: firwat gëtt dës Optioun net ëmgesat?

  6. Ass scho bekannt, wien no deene provisoreschen 9 Méint de Gardiennage bei der CFL fir déi nächst véier Joer iwwerhëlt? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3654

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene