Réckruff vu Puddermëllech fir Bëbeeën

Am Kader vun engem Réckruff vu Puddermëllech fir klengste Beebeeën tëscht 0 an 12 Méint, dat mat Bacillus cereus kontaminéiert ass, stellen sech wichteg Froen iwwert d’Reaktioun vun de Lëtzebuerger Autoritéiten.
Laut Informatiounen aus eisen Dageszeitunge gouf dëse Réckruff elo publik gemaach. Beim Nosichen um europäeschen RASFF-Portal (Rapid Alert System for Food and Feed) ass allerdéngs festzestellen, dass dës Kontaminatioun schonn de 12. Dezember 2025 als Notifikatioun vum Hiersteller selwer gemellt gouf. De 16. Dezember 2025 hate scho verschidde Länner konkret Moossnamen ergraff, fir hir Bierger ze schützen.
Zousätzlech gouf de 6. Januar 2026 eng weider Notifikatioun um RASFF-Portal verëffentlecht.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat hunn d’Lëtzebuerger Autoritéiten iwwer véier Woche gewaart, fir op eng Kontaminatioun ze reagéieren, déi schonn de 12. Dezember bekannt war?

  2. Wéi rechtfäerdegt d’Regierung dës inakzeptabel Verzögerung, wou et ëm d’Gesondheet vu Bëbeeë geet an aner Länner wéi Dänemark oder Ungarn direkt gehandelt hunn?

  3. Wéi vill Bëbeeën zu Lëtzebuerg hunn eventuell kontaminéiert Produkter konsuméiert, well d’Autoritéiten net fréizäiteg gewarnt hunn?

  4. Wat ass de konkrete Grond dofir, dass d’RASFF-Informatiounen net direkt un d’Ëffentlechkeet weidergi goufen, obwuel dat de Sënn vun dësem europäeschen Alarmsystem ass an et sech ëm e Produit fir ganz kleng Bëbeeën handelt?

  5. Wéi eng Konsequenze wäert d’Regierung aus dëser geféierlecher Negligence zéien, fir ze garantéieren, dass esou Versoen sech net widderhëlt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3408

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene