Den 2. Dezember 2025 huet de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend en nationale Plang fir d’Stäerkung vun der Finanzbildung am lëtzebuergesche Schoulsystem virgestallt. Dëse Plang gesäit ënner anerem d’Aféierung vun engem “Finanzfürerschäin”, d’Integratioun vun der Thematik an de Plan d’études vum Fondamental an d’Schafe vun engem nationale Kompetenzkader vir. D’Zil ass et, d’Schüler op hir finanziell Zukunft virzebereeden an hir Autonomie ze stäerken.
Parallel dozou weise rezent Medieberichter, déi sech op Etüde vun der Europäescher Zentralbank (EZB) an der Fondatioun ABBL stäipen, op e besuergneserreegenden Trend hin: Ëmmer méi jonk Leit investéieren an onreglementéiert a volatil Kryptowärungen. Laut der ABBL hu 17 % vun de Jonken tëscht 13 a 25 Joer scho Finanzinvestissementer getätegt, dovunner iwwer en Drëttel a Kryptowärungen. Dës Produite ginn dacks als “no bei Videospiller” ugesinn a via Social Media gëtt vu sougenannten “Finfluencer” Reklamm fir si gemaach , wat dozou féiert, datt d’Risikowarnehmung bei ville jonken Investisseuren net dem reelle Geforepotential entsprécht.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi gëtt am neien nationale Plang fir Finanzbildung spezifesch op d’Risike vu Kryptowärungen (Volatilitéit, Mangel u Reglementéierung, Bedruchsrisiko) agaangen, an ënnerscheet sech dëse Volet vun der klassescher Finanzbildung iwwer reglementéiert Produkter (Spuerbuch, Aktien, …)?
-
Ginn am Kader vum “Finanzfürerschäin” oder de neie Schoulmaterialie konkret Moduller ugebueden, déi de Phänomen vun de “Finfluencer” an d’Gamification vun Investitiouns-Apps beliichten?
-
Wéi gëtt séchergestallt, datt d’Léierpersonal, dat dës Themen am Cycle 4 oder am Secondaire vermëttele soll, selwer genuch iwwer déi komplex a sech séier verännerend Welt vun de “Crypto-Assets” a Blockchain-Technologien informéiert a weidergebilt ass?
-
Ass geplangt, am Kader vum ugekënnegten nationale Monitoring och spezifesch Daten iwwer d’Investitiounsverhale vu Schüler an digitale Wärungen ze erhiewen, fir d’Preventiounsmoossnamen zäitno unzepassen?
QP Nummer 3292