Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Ugesiichts vun de schockéierende Revelatiounen iwwer systematesch Gewaltakte vun engem Grondschüler géint seng Matschüler an d’Léierpersonal, wéi se an der Presse vum 10. November 2025 verëffentlecht goufen, stellen ech eng Rei dréngend Froen, weist dësen Artikel dach op e systematescht Versoen an der Handhabung vu schwieregen Disziplinsproblemer an eise Schoulen hin. D’Sécherheet vun de Kanner an dem Léierpersonal mussen awer absolut Prioritéit hunn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Et ass inakzeptabel, datt e Grondschüler iwwer Wochen a Méint systematesch seng Matschüler terroriséiere konnt, ouni datt adequat gehandelt gouf. E Kand gouf 15 Mol an d’Genéck geschloen a war doropshin eng Woch laang krankgeschriwwen. En anert Kand koum mat Würgemoler um Hals heem.
Ass de Minister der Meenung, datt dat momentan geplangt Jugendschutzrecht genuch Handlungsméiglëchkeeten bitt, fir esou méi heefeg ausrastend Schüler séier en charge ze huelen? Wéi erkläert de Minister, datt trotz ville Warnungen a souguer Aschreide vu Poliziste keng effektiv Léisung fonnt gouf? -
Besonnesch schockéiert d’Tatsaach, datt d’Situatioun iwwer Méint eskaléiere konnt, obwuel d’Schouldirektioun an de Ministère laang informéiert waren. D’Police gouf 8 Mol a 4 Wochen op de Schoulhaff geruff. Zwou Damme goufen un der Bushaltestell physesch attackéiert. Membere vum Léierpersonal hunn sech wuel och an een anere Cycle versetze gelooss, fir dësem Schüler net begéinen ze mussen. An esou Situatioune soll d’Léierpersonal eigentlech déi éischt Ulafstell sinn, fir mat esou Kanner ze schaffen an ze probéieren, d’Situatioun ze verbesseren, wat an dësem Fall awer zu kenge Resultater gefouert huet an d’Kand weider aner Kanner an Erwuessener ugräife konnt.
• Ass de Minister net och der Meenung, datt bei esou engem dramatesche Fall wéi an dësem konkrete Beispill net séier genuch gehandelt an net ugemiessen duerchgegraff gouf?
• Wéi rechtfäerdegt de Minister dës inakzeptabel Verzögerung, déi zu schwéiere Kierperverletzunge gefouert huet, dorënner e Kand dat eng Woch krankgeschriwwe war? -
Dës schockéierend Situatioun ass sécherlech keen Eenzelfall. D’Ëffentlechkeet huet e Recht ze wëssen, wéi grouss d’Problematik vun der Gewalt a Grondschoule wierklech ass.
Kann de Minister detailléiert uginn:
• Wéi vill esou Gewaltfäll an de leschte 5 Joer an de Grondschoule gemellt respektiv bekannt goufen?
• Ass hei eng kloer Tendenz ze erkennen?
• Wat waren d’konkret Moossnamen, déi an deenen eenzele Fäll geholl goufen, a wéi laang huet et gedauert, bis dës Moossnamen ëmgesat goufen?
• Wéi vill Schüler a Membere vum Léierpersonal hunn duerch esou gewalttäteg Kanner an de leschte 5 Joer Blessuren dovu gedroen? -
Besonnesch alarmant ass och d’Tatsaach, datt de gewalttätege Schüler an der Zäit virun den Allerhellegevakanz gedreet huet, hie géif eng Kéier mat engem Messer oder engem Briquet an d’Schoul kommen. Trotzdeem kënnt de Schüler nach ëmmer all Dag an d’Schoul.
Existéiert fir Grondschoulen e konkreten Noutfallplang am Fall vun engem Amoklaf oder enger änlecher Gewaltmenace? -
D’Situatioun ass fir d’Kanner an d’Léierpersonal onhaltbar ginn. 43 Elteren hunn sech mat enger dréngender Petitioun un de Ministère gewannt. Schüler hu permanent Angscht, an d’Schoul ze goen. Normale Cours ass bal net méi méiglech.
• Wat gedenkt de Minister direkt konkret ze ënnerhuelen, fir d’Léierpersonal an d’Grondschüler ugemiessen ze schützen?
• Wéini gëtt de gewalttätege Schüler endlech aus dem reguläre Schoulbetrib geholl, fir déi aner Kanner ze schützen an him selwer déi néideg spezialiséiert Hëllef ze bidden? -
D’Direktioun hätt de concernéierten Elteren ëmmer nëmme gesot: “mir schaffe un enger laangfristeger Léisung”. Wéi positionéiert sech de Minister par Rapport zu dëser passiver Reaktioun?
-
43 Eltere mussen eng Petitioun ënnerschreiwen a sech un d’Press wende fir gehéiert ze ginn. Ass de Minister net der Meenung, datt dëst en Echec vum System ass? Wéi garantéiert de Minister datt ALL Kanner hiert verfassungsméissegt Recht op eng sécher Educatioun kréien?
-
Wéini krut de Ministère éischt Informatioun iwwer dëse Fall? Wat gouf ënnerholl nodeems d’Plainte erakomm ass? Firwat ass bis elo trotzdeem an deem Fall nach näischt ënnerholl ginn?
-
Den Artikel erwäänt de “Centre pour le développement socio-émotionnel”. Wéi vill Plazen huet dësen? Wéi laang dauert et bis ee Kand hei en charge geholl ka ginn?
Fro n°3177
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 3177