Post-Pann vum 23te Juli

Den 23. Juli 2025 huet eng grouss Pann am POST-Netz zu enger nationaler Krisesituatioun gefouert. Fir ongeféier véier Stonne waren all Telekommunikatiounsservicer vu POST gestéiert, dorënner och d’Noutruffnummeren 112 an 113. D’Regierung huet hire Krisestab ënner dem Minister Lex Delles missen aktivéieren. Besonnesch alarméierend war et, datt de lu-Alert-System, deen d’Bevëlkerung a Krisesituatiounen iwwer SMS informéiert, bedeitend Verspéidunge beim Verschécke vun de Messagen op POST-Clienten hat – genau zu deem Moment wou d’System am meeschte gebraucht gouf.
Dës Situatioun huet eng fundamental Schwächt an eiser Telekommunikatiounsinfrastruktur opgedeckt: d’Ofhängegkeet vun engem eenzegen Netz schaaft inakzeptabel Risike fir déi ëffentlech Sécherheet. Wärend Orange an Tango hir Servicer wärend der ganzer Pann normal weider ugebueden hunn, haten d’POST-Clientë keng Méiglechkeet fir op dës alternativ Netzwierker zouzegräifen. Dëst stellt d’Fro no der technescher Méiglechkeet an der regulatorescher Noutwendegkeet vum “National Roaming” a Lëtzebuerg, souwéi no eiser technescher Souveränitéit am Telekommunikatiounssecteur. D’belsch Beispill mat sengem ASTRID-Noutfallnetz, dat obligatoresche roaming vun alle 700 MHz-Operateure verlaangt, weist datt sou Léisungen technesch realiséierbar sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung wëlles fir eng Analyse vum POST-Ausfall vum 23. Juli 2025 ze maachen, an ënnersicht si d’Verëffentlechung vun dëser Analyse, dorënner d’Ursaachen an d’Konsequenze fir d’Noutfallkommunikatioun – fir esou dorausser Lektiounen ze zéien?

  2. Wéi vill Leit waren tatsächlech betraff vum Ausfall vun den Noutruffnummeren 112 an 113, an huet dëst zu Verspéidungen oder verhënnerten Noutfallinterventioune gefouert?

  3. Wat sinn déi technesch Barrièren, déi e “National Roaming”-System zu Lëtzebuerg verhënneren, wou d’Clientë vun engem Operateur automatesch op en aneren Operateur switche kënne wann hiren Haaptréseau net verfügbar ass?

  4. Plangt d’Regierung, dem Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) e Mandat ze ginn, fir obligatoresch National Roaming-Accorden z’etabléieren, déi automatesch aktivéiert gi wärend Netzpannen déi d’Noutfallservicer beaflossen?

  5. Wéi ass d’Performance vum lu-Alert-System wärend dem POST-Ausfall gewiescht, a wat sinn d’konkret Mesurë fir sou Verspéidungen an Zukunft ze verhënneren?

  6. Kann d’Regierung eng detailléiert Lëscht vun alle kriteschen Technologiefournisseuren an eiser Telekommunikatiounsinfrastruktur zougänglech maachen, opgedeelt no Ursprongsland a Kritizitéit?

  7. Wéi vill Prozent vun eiser kritescher Telekominfrastruktur (5G Core Networks, Fiber Access Nodes, Signaling Systems) baséiert op net-europäesch Technologie?

  8. Wat sinn d’konkret Mesuren, déi d’Regierung hëlt fir eise groussen Telekomoperateur POST z’encouragéieren, europäesch Fournisseuren ze favoriséieren an d’Ofhängegkeet vun net-europäescher Technologie ze reduzéieren?

  9. Wéi participéiert Lëtzebuerg un europäeschen Initiative wéi Gaia-X fir eisen sou genannte “Souverenitéitsstack” an der Telekommunikatioun z’entwéckelen?

  10. Huet d’Regierung eng Roadmap fir d’Reduktioun vun net-europäeschen Ofhängegkeeten an eiser kritescher Telekominfrastruktur, a wa jo, iwwer wéi een Zäitraum?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2670

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene