Ännerungen an der US-Steiergesetzgebung (Sektioun 174) hunn amerikanesch Tech-Entreprisë forcéiert, hir R&D- a Software-Entwécklungskäschten iwwer 5 Joer ze amortiséieren amplaz se direkt ofzesetzen. Dëst huet zu enger méi héijer Steierlaascht gefouert an de R&D-Investissementswuesstem vu järlech 6,6% op manner wéi 0,5% reduzéiert. Deementspriechend weisen europäesch Studien, datt Lëtzebuerg keng signifikant “ausgaben-baséiert R&D-Steierentlaaschtung” ubitt, am Géigesaz zu Länner wéi der Belsch (mat bis zu 85% Reduktioun), Irland (6,25% effektiv Steiersaz fir d’Innovation Box), oder de hollänneschen IP Box Regime. Wärend Lëtzebuerg eng 80 prozenteg Steierbefreiung op IP-Akommes ubitt, kréien R&D-Ausgaben allgemeng keng verstäerkt Ofsetzbarkeet iwwer déi normal Geschäftsausgaben-Ofsetzbarkeet eraus.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Plangt d’Regierung eng direkt a verstäerkt Ofsetzbarkeet vu Software-Entwécklungskäschten anzeféieren, fir Tech-Startups ze encouragéieren?
-
Wéi kann déi momentanen Digital Transformation Tax Credit (18%) erweidert ginn, fir méi R&D-Aktivitéiten an -Ausgaben ze decken?
-
Ginn et Iwwerleeunge fir eng “Super-Deduction” fir R&D-Ausgaben anzeféieren, änlech deenen, déi a China oder Dänemark implementéiert goufen?
-
Wéi kann d’Kombinatioun tëschent dem IP Box Regime an der direkter R&D-Käschten-Ofsetzbarkeet optiméiert ginn, fir e méi attraktive Package ze kreéieren?
-
Plangt de Minister eng komparativ Analyse mat aneren EU-Länner ze maachen, fir ze bestëmme wéi Lëtzebuerg seng R&D-Steierincitatiounen méi kompetitiv maache kann?
QP Nummer 2446