Intelligent Stroumzieler (Smarty)

Duerch d’Stroumgesetz ass den intelligenten Stroumzieler (Smarty) zu Lëtzebuerg obligatoresch ginn.  Dës Generatioun vu Compteur bréngt Virdeeler mat sech, wéi zum Beispill, dass de Verbraucher méi präziis Informatiounen iwwert säi Stroumverbrauch kritt an domadder  de Stroumverbrauch kann optimiséiert an d’Ressourceverschwendung verhënnert ginn. Och brauchen d’Stroumfournisseuren d’Compteuren net méi ofliesen ze kommen, fir de Stroumverbrauch ze schätzen. Net jiddereen ass allerdings averstanen mam massiven Ausbau vun den intelligenten Stroumzieler an dëst aus verschiddene Grënn. Op der enger Säit existéiert de Problem vum Dateschutz, wat schonns viru Joren an der parlamentarescher Fro n°3275 eng Keier ugeschnidde gouf. Dann ginn et och Problemer technescher Natur, wann déi intelligent Compteuren net gutt funktionnéieren an esou zum Beispill zu Problemer bei der Facturatioun féieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill intelligent Compteuren sinn insgesamt hei zu Lëtzebuerg installéiert ginn? 

  2. Wéi vill huet d’Installatioun vun den intelligente Compteuren am ganze Land insgesamt kascht? 

  3. Wéi vill Reklamatiounen an Zesummenhang mat der Ëmstellung op intelligent Compteuren sinn insgesamt agereecht ginn? A wéi eng Kategorien ënnerdeelen sech dës Reklamatioun (Facturatioun, Technik, etc.) a wéi verdeelen sech dës Fäll an dëse Kategorien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1715

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene