Fro däi Buergermeeschter

D’Gemengegesetz reegelt gréisstendeels, wéi de politesche Pouvoir an enger Gemeng organiséiert ass. De Gemengerot, gewielt vun de Bierger:innen a Bierger aus der Gemeng, bestëmmt souverän iwwert d’Verwaltung vu senger Gemeng. De Gemengerot kontrolléiert och d’Verwaltung vun der Gemeng. Eng Méiglechkeet, déi dem Gemengeconseiller dofir zur Verfügung steet, ass den Artikel 25 vum Gemengegesetz, deen et him/hir erlabt, fir schrëftlech Froen un de Buergermeeschter a Schäfferot ze stellen.

Art. 25. Les membres du conseil ont le droit de poser au collège des bourgmestre et échevins des questions relatives à l’administration de la commune. Il y est répondu par écrit dans le mois ou oralement lors de la première réunion utile du conseil communal, le tout dans la forme et de la manière prévues au règlement d’ordre intérieur.”
An enger mir bekannter Gemeng krute verschidde Gemengeconseilleren op Froen, déi si op Basis vum Artikel 25 gestallt hunn, folgend Äntwert vum Buergermeeschter a Schäfferot:

Mir maachen Iech opmierksam, dat déi aner vun Ären uewe genannte Froen an de Ressort vum Buergermeeschter eleng falen a soumat net vum Artikel 25 betraff sinn.

Dës Äntwert ass problematesch, well se als Konsequenz huet, dass de Gemengeconseiller seng Kontrollfunktioun vis-à-vis vun der Gemengeverwaltung net méi kann ausüben. Effektiv falen eng ganz Rei vun Entscheedungen, wéi zum Beispill d’Baugeneemegungen oder d’Sécherheet, ënnert d’Kompetenz vum Buergermeeschter. Wann de Gemengeconseiller keng Informatiounen zu dësen Entscheedunge kritt, da léisst een der Gemengeverwaltung fräi Hand an et riskéiert een, dass d’Aktivitéite vum Buergermeeschter net méi duerch ee legitimt demokratescht Organ kontrolléiert ginn.   

  1. Mir maachen Iech opmierksam, dat déi aner vun Ären uewe genannte Froen an de Ressort vum Buergermeeschter eleng falen a soumat net vum Artikel 25 betraff sinn.”
    • Ass den Inneminister der Meenung, dass den Artikel 25 duer geet, fir d’Kompetenze vum Buergermeeschter ze befroen? 
    • Falls nee, wéi een aneren Artikel kann ee Gemengeconseiller invoquéieren, fir d’Aktivitéite vum Buergermeeschter ze befroen an ze kontrolléieren? 
  2. Den Artikel 38 vum Gemengegesetz leet fest:
     “Le collège des bourgmestre et échevins de chaque commune se compose d’un bourgmestre et de deux échevins.”
    Ass de Buergermeeschter als Deel vum collège des bourgmestre et échevins ze considéieréieren oder net?

Fro n°1559

CHD

Zesummenhang posts

D’Piraten setzen sech dofir an, dass d’Steieren net méi erop ginn, wann den Index kënnt. D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Aus dëse Grënn
Den Office national de l’enfance (ONE) schafft mat privaten Organisatiounen am Beräich vun dem Kanner- a Jugendschutz zesummen, fir Projeten an Hëllefsmoossnahmen ëmzesetzen.  An
Au Luxembourg travaillent environ 485.000 personnes, dont près de la moitié sont des frontaliers qui viennent travailler chaque jour dans notre pays. Plus de